D’AVCL ass Co-Organisateur vun der Benelux-Gemengekonferenz 1971
| Published on | 17 September 2021 |
| Categories | Anniversary |
Et ass eng Première, well et ass fir d’éischt datt d’Association des Villes et Communes Luxembourgeoises (AVCL) un der Organisatioun vun der Benelux-Gemengekonferenz deelhëlt, déi de 17. an 18. September 1971 zu Bréissel stattfënnt. Am Virfeld hat et eng Aarbechtssëtzung ginn, fir den Evenement ze preparéieren an als Co-Organisateur och gläich eng gutt Figur ofzeginn.
Vertrueden ass d’AVCL duerfir och mat enger 13 Mann staarker Delegatioun, déi vum President Henry Cravatte a vum Vizepresident Joseph Goedert, dem Buergermeeschter vu Groussbus, ugefouert gëtt.
Op der Konferenz, déi am zweejores Rhythmus stattfonnt huet, gi mat der Biergerbedeelegung a virun allem mat der regionaler Organisatioun vum Katastropheschutz, zwee Sujeten thematiséiert, déi deemools wéi haut nach ëmmer aktuell sinn.
Aus Lëtzebuerger Siicht hunn de Léon Bollendorf, deemools Schäffen an der Stad Lëtzebuerg, an de Jean Thill, Conseiller de Gouvernement adjoint am Inneministère a President vum Conseil supérieur d’Incendie zu deenen zwee Theme Stellung bezunn.
Foto: © SYVICOL
Previous article
