Wéinst de Pläng vun der neier CSV/DP-Koalitioun suergt sech de SYVICOL em d‘Gemengenautonomie
| Published on | 24 September 2021 |
| Categories | Anniversary |
Den 23. September 1999 bezitt de SYVICOL Stellung an engem Schreiwes un de Premierminister Jean-Claude Juncker opgrond vun de kommunalpolitesche Pläng vun der neier CSV/DP-Regierung. De Gemengesyndikat begréisst et, datt d’Gemengenautonomie an de Subsidiaritéitsprinzip am Prinzip net a Fro gestallt mee gestäerkt solle ginn. De SYVICOL steet och enger Diskussioun iwwer d’Neiverdeelung vun de Kompetenzen tëschent Staat a Gemengen opgeschlosse géintiwwer.
Erfreet weist sech den Daachverband vun de Gemengen och doriwwer, datt d’Subsiden un Veräiner an d’Indemnitéite fir d’Gemengepolitiker erhéicht solle ginn. An de Congé politique soll och op de Leescht geholl ginn, esou wéi de SYVICOL et a senger Comitéssëtzung no de Wale vum 13. Juni gefuerdert hat. Dës Fuerderung huet de SYVICOL oft a senger Geschicht gestallt. Et bleift ze hoffen, datt dem mam neie Gemengegesetz endlech Rechnung gedroe gëtt.
Grouss Suerge mécht sech de SYVICOL am Hierscht 1999 an éischter Linn awer doriwwer, wéi et mam Impôt commercial um Gemengeplang weider geet, well d‘Regierung ugekënnegt huet, deen ofzeschafen. A sengem Schreiwes erënnert de SYVICOL dorunner, datt den Impôt commercial am Budget fir d’Joer 2000 mat 15,3 Milliarde Frang (ëmgerechent 37,5 Milliounen Euro) virgesinn ass. De Gemengesyndicat stellt sech d’Fro wéi dat soll kompenséiert ginn a fäert, datt esou d’Gemengenautonomie awer lues a lues ausgehillegt gëtt. De SYVICOL fuerdert och, datt de Gemengesyndikat an d’Diskussioune wat d’Kompensatiounsmesurë betrëfft vun Ufank un agebonne gëtt. « Il est dit dans la foulée de cette assertion qu’une telle incursion dans le domaine financier local, que nous considérons comme incisive, se fera en étroite concertation avec les communes. »
Am Schreiwes erënnert de SYVICOL dowéinst och dorunner, datt de Legislateur sech mam Ënnerschreiwe vun der europäescher Charta iwwer déi kommunal Autonomie dozou verflicht huet, d’Gemengen, bei Entscheedungen, déi si betreffen, anzebannen an datt Gemengefinanzen aus engem Deel kommunale Steiere bestinn, déi vun der Kommunalpolitik selwer festgeluecht ginn. All Versuch, déi kommunal Recetten ze diminuéieren, kënnt bei de Gemengen op Widderstand stoussen, heescht et zum Schluss vum Schreiwes.
Foto: © SYVICOL
Previous article
