De President Henry Cravatte um Kongress vun de Städtepartnerschaften: „Fir e biergernot Europa“
| Published on | 02 October 2021 |
| Categories | Anniversary |
Et ass déi drëtt Kéier no 1964 an 1966, datt de Conseil des Communes d’Europe (CCE) op de Kongress vun de Städtepartnerschaften invitéiert. Ronn 1.500 Lokalpolitiker aus insgesamt 9 europäesche Länner hu sech duerfir Enn September, Ufank Oktober 1978 zu Mainz Rendez-vous ginn.
Mat derbäi war natierlech och eng Delegatioun vun der Association des Villes et Communes Luxembourgeoises, ugefouert vun hirem President Henry Cravatte, deen zënter 1959 och un der Spëtzt vum Conseil des Communes d’Europe stoung.
De politeschen Hannergrond vum Kongress ass kloer: Am Juni 1979 fannen déi éischt Wale fir d’Europäescht Parlament an der Geschicht vun der Europäescher Gemeinschaft (EG), wéi d’Europäesch Unioun (EU) deemools nach geheescht huet, statt.
„Communes et citoyens devant les premières élections au Parlement Européen“ heescht dann och den Titel vum Henry Cravatte senger engagéierter Ried virum Kongress. Am „Darmstädter Tageblatt“ vum 2. Oktober gëtt de President Cravatte folgendermoossen zitéiert: „Lasst uns unseren Kongress der Partnerstädte und -gemeinden resolut in die Optik der kommenden europäischen Wahlen stellen“.
An dem Kontext warnt de CCE-President virun deenen „engstirnege Geeschter“, déi d’Partnerschaften tëschent de Stied a Gemengen als Folklor an Tourismus ugesinn. „Et si grad déi Partnerschaften, déi dozou bäidroen, datt sech den europäesche Gedanken an domadder och Europa als Gemeinschaft um Niveau vun de Gemengen a vun de Bierger entwéckelt“, esou de Cravatte onmëssverständlech. An dee Merite kéint keng europäesch Organisatioun dem CCE ewechhuelen, ebe wéinst de kommunale Fundamenter op deenen e steet.
A senger Ried, déi bei deene 1.500 Delegéierten immens gutt ukënnt, mécht den Henry Cravatte och een Appell „fir e biergernot Europa“ ze schafen. Hie plaidéiert fir eng Gemeinschaft, déi ee mënschlecht Gesiicht huet, anescht wéi déi offiziell Europapolitik, déi schonn deemools méi wéi een Echec a méi wéi eng Kris erlieft hat. De Cravatte werft och d’Fro an de Raum, ob fir Europa de Wëllen an d’Stëmm vun de Bierger zielt oder ob et just dorëms geet, eng technokratesch Allianz ze bilden, déi op der Zesummenaarbecht vun den eenzelne Regierunge baséiert. Et ass am Fong eng rhetoresch Fro, well de Cravatte d’Entwäert schonns virdru ginn huet.
Foto: © Archive du SYVICOL
Previous article