D‘Gemengen, déi kommunal Entwécklung an d’Roll vum LEADER
Publié le | 09 octobre 2021 |
Catégories | Anniversaire |
Op Initiativ vum SYVICOL an der EU-Kommissioun huet den 9. Oktober 2001 am Jean-Monnet-Gebai um Kierchbierg eng europäesch Tagung stattfonnt, bei där d’Gemengen an hir Interêten am Mëttelpunkt stoungen. D’Riedner, dorënner och déi deemoleg EU-Kommissärin Viviane Reding, hu sech dobäi mat der Fro vun de Partnerschaften tëschent den europäesche Gemengen am Beräich Sport a Jugend an awer och mat der regionaler a kommunaler Entwécklung beschäftegt, dat virum Hannergrond vun der globaler Entwécklung vun Europa.
De Jean-Marie Halsdorf, deemools Generalsekretär vum SYVICOL, huet a senger Ried bedauert, datt a munche Gemengen eng Tendenz géing bestoen, d’Léisung vu kommunale Problemer op EU-Niveau dem Staat z’iwwerloossen. De Jean-Marie Halsdorf huet weider ënnerstrach, datt de Staat och kee richtegen Uspriechpartner fir déi Uleiessen hätt. Dat wär awer wichteg, well d’Gemengen an d’Regiounen d’Politik vun der EU oft aus engem anere Bléckwénkel géinge betruechte wéi aner Institutiounen an déi „grouss“ Politik.
Den Emile Eicher, den haitege SYVICOL-President an deemolege Comitésmember a Buergermeeschter vun der Gemenge Munzen, ass a sengem Referat op zwee LEADER-Projeten am Raum Clierf-Veianen agaangen an huet dobäi d’Wichtegkeet vu sou Projete a vum LEADER selwer fir d’Entwécklung vum ländleche Raum an d’Zesummenaarbecht tëschent eise Gemengen an der EU ervirgehuewen. De LEADER (Liaison Entre Actions de Développement de l'Economie Rurale) ass bekanntlech eng Initiative vun der EU an zënter senger Aféierung am Joer 1991 e wichtege Bestanddeel vun der regionaler a nationaler Politik hei zu Lëtzebuerg. Waren et am Joer 2001 nach 58 Gemengen déi u 4 regionale Leader-Projete bedeelegt waren, esou si mëttlerweil an deene 5 Leader-Regiounen Atert-Wark, Éislek, Regioun Mëllerdall, Miselerland a Lëtzebuerg West méi wéi 440 innovativ Projeten ëmgesat ginn.
Foto: © SYVICOL