Kritik an e Kompromëss beim Impôt commercial communal
Publié le | 17 octobre 2021 |
Catégories | Anniversaire |
Nodeem d‘CSV/DP-Koalitioun eigentlech wëlles hat, an dat och esou am Koalitiounsofkommes festgehale gi war, fir den Impôt commercial communal (ICC) ganz ofzeschafen, koum et Enn Juli 2001 zu engem Richtungswiessel an deem Dossier. Op eemol war keng Rieds méi vun Ofschafen, mee vun enger Baisse vum ICC.
Dat huet den deemools 118 Gemengen an dem SYVICOL, déi méintelaang reegelrecht Stuerm gelaf ware géint déi geplangte Mesure, zwar net gutt awer besser gefall, woubäi dës Baisse awer mat engem globale Steierausfall vun 2,4 Milliarde Frang (ëmgerechent 6 Milliounen Euro) estiméiert gouf. Awer net nëmmen dat: De SYVICOL a säi President Jean-Pierre Klein waren der Meenung, datt doduerch eng reell Gefor fir d’Gemengefinanzautonomie bestéing.
Op der ausseruerdentlecher Generalversammlung de 17. September 2001 zu Steesel (déi wéinst den Attentater zu New York verluecht gi war) huet de Kommitee vun de Gemengevertrieder de Mandat krut, fir Kontakt mat der Regierung opzehuelen an eng Léisung an deem däregen Dossier ze fannen. Nodeem dat geschitt war, hunn de 17. Oktober op enger weiderer ausseruerdentlecher Generalversammlung, dës Kéier zu Stroossen, d’Gemengevertrieder d’Verhandlungsresultat mat der Regierung zur Kenntnis geholl. Et huet ee sech schlussndlech dorops gëeenegt, datt den ICC vu 4 op 3 Prozent erofgeet. Et hätt een, esou de President Jean-Pierre Klein, an deem Kontext erreecht, dat mam Conseil supérieur des finances communales elo en Organ géing geschafe ginn, dat op d’Finanzautonomie vun de Gemenge géing oppassen. En plus hätt d’Regierung zougesot, d’Subsiden an Zukunft méi séier auszebezuelen.
Um Kompromëss, deen de SYVICOL ausgehandelt huet, gëtt et awer och Kritik. Virun allem de Camille Gira, den deemolege Buergermeeschter vu Bieckerech, an de Mars Di Bartolomeo, deemools Buergermeeschter vun Diddeleng loosse kee gutt Hoer drun. Mat 73 Jo-Stëmmen, 3 Géigestëmmen an 2 Enthalungen heescht d’Generalversammlung dann awer den ausgehandelte Kompromëss gutt. D’Tageblatt titelt den Dag drop „Begeisterungsloses Ja“ an de Lëtzebuerger Journal schreift „Ein lachendes und ein weinendes Auge.“
Foto: © SYVICOL