Den 11. September 2001: e Schreiwes, eng Ofso an dem Giuliani seng Fuerderung vun 200.000 Dollar
Publié le | 11 septembre 2021 |
Catégories | Anniversaire |
„Deeply shocked by the dramatic events that occured in the United States on September 11th, the mayors of the Grand-Duchy of Luxembourg would like to express their deepest sympathy and their sincere compassion with the citizens of New York. “ Esou fänkt d’Schreiwes vum SYVICOL un, dat de Gemengesyndikat no den Attentater vun New York dem Buergermeeschter Rudolf Giuliani zoukomme léisst.
An deem Schreiwes gëtt dorun erënnert, datt Lëtzebuerg an d‘USA eng grouss Frëndschaft verbënnt, déi op d’Befreiung vum Grand-Duché duerch d’amerikanesch Zaldoten zeréck geet. D’Schreiwes hält op mat der Hoffnung, datt New York déi terribel Tragedie vum 11. September 2001 wäert ewechstiechen an erëm zu der stolzer Stad gëtt, déi se virdru war.
De SYVICOL weist sech awer net nëmmen an engem Bréif solidaresch, mee seet seng ausseruerdentlech Generalversammlung of, déi de 14. September zu Steesel sollt stattfannen. Haaptthema war den Ajustement vum Impôt commercial fir d’Gemengen, ee Sujet, deen deemools fir ganz vill Gedäisch gesuergt huet.
De Bréif un de Giuliani sollt awer net de leschte Kontakt vum SYVICOL mam Buergermeeschter vun New York gewiescht sinn. E puer Méint méi spéit, huet de SYVICOL en Haaptriedner gesicht am Kader vum „Forum de la Sécurité internationale“, deen hei zu Lëtzebuerg stattfonnt huet. Den Alphonse Cruchten, deemools Sekretär vum SYVICOL, hat d’Iddi de Buergermeeschter vun New York op déi Konferenz z’invitéieren.
De SYVICOL huet de Giuliani kontaktéiert a matgedeelt, datt all Onkäschten (Vol, Hotelszëmmer, Spesen, …) géingen iwwerholl ginn. „Dat goung dem Giuliani awer net duer“, erënnert sech den deemolege SYVICOL-President Jean-Pierre Klein. 200.000 Dollar (!) wollt de Giuliani fir säin Optrëtt hei zu Lëtzebuerg hu fir iwwert den 9/11 a seng Suitten ze referéieren. „Mir wäre carrement faillite gewiescht, wa mir dat gemaach hätten“ seet de Jean-Pierre Klein, dee bis haut net novollzéie kann, datt een als Buergermeeschter Kapital aus esou engem trageschen Ereegnes zéie wëll.
Foto: © SYVICOL