Abléck an d’EU-Institutioune fir 200 Kommunalpolitiker op der 1. Journée des Élus locaux
Publié le | 24 octobre 2021 |
Catégories | Anniversaire |
Am Kader vun der 1. Journée des Élus locaux haten sech den 24. Oktober 1995 em déi 200 Kommunalpolitiker aus 72 vun insgesamt 118 Gemengen am Hémicycle um Kierchbierg afonnt an dat op Initiativ vum deemolegen Inneminister Michel Wolter. Bei Geleeënheet vun der Journée des Bourgmestres zu Mondorf de 14. Juni, just e puer Méint virdrun also, hat de neien Inneminister esou eng Sëtzung ugereegt an dem SYVICOL d’Organiséiere vun enger Journée des Elus locauxiwwerlooss.
Den deemolege SYVICOL-President Norbert Konter huet a senger Usproch duerchblécke gelooss, datt Journée des Élus locaux an Zukunft reegelméisseg oder besser gesot all Joers sollt stattfannen. Doniewent huet hie gesot, datt Europa sech un all d‘Bierger misst riichten an duerfir och fir jidderee sollt zougänglech sinn. Am Lëtzebuerger Journal gëtt hien de 25. Oktober follgendermoossen zitéiert: „Norbert Konter wies daraufhin, (…), dass sich der europäische Einigungsprozess zunehmend auf die Bürger der Mitgliedstaaten und sich damit auch auf die Gemeinden auswirke.“ D’EU hat zu dem Zäitpunkt 15 Memberstaaten a mat Éisträich, Finnland a Schweden waren dat Joer dräi nei Staaten derbäi komm.
D‘Zil vun dëser éischter Reunioun war et de Lokalpolitiker méi Abléck an d’EU-Institutiounen an hiert Fonctionnement ze ginn. Eng Partie Riedner, dorënner de Charles Elsen, Generaldirekter beim Conseil de l’Union Européenne an d’Colette Flesch, Generaldirektesch vun der DG10 bei der Europäescher Kommissioun, zoustänneg fir d’Beräicher Informatioun, Kommunikatioun a Kultur, an de Romain Schintgen, Riichter um Europäesche Geriichtshaff, sinn op d’Roll vun deene jeeweilegen Institutiounen agaangen.
De Jean Mischo, Generalsekretär am Ausseministère, huet als Schlussriedner dunn d’Wichtegkeet vun Europa a sengen Institutioune fir onst Land ënnerstrach. Esouwuel d’Bankeplaz an den Industriestanduert wären direkt Suitte vum Ëmsetze vum europäesche Gedanke gewiescht. Speziell kleng Staaten wéi Lëtzebuerg, dat zu de Grënnungslänner zielt, géinge vun Europa profitéieren. An dorunner huet sech bis haut näischt geännert.
Foto: © SYVICOL