Matières

„Et bleift wichteg, de Kontakt zu den eelere Matbierger ze sichen.“

Wéi a villen anere Gemengen hei am Land, fënnt och zu Groussbus Enn des Joers traditionell eng Seniorefeier statt. Wéinst de sanitäre Mesuren ass déi beléifte Manifestatioun dëst Joer awer an d’Waasser gefall. Dowéinst hate sech d'„Fräizäitfrënn“ zesumme mat de politesch Responsabelen ëm de Buergermeeschter Paul Engel eppes afale gelooss.

Wat huet et eigentlech mat der Feier op sech? 

Paul Engel: All Joer maache mir an der Gemeng zu Groussbus eng Seniorefeier zesumme mat de „Fräizäitfrënn“, eiser Amiperas-Sektioun. Bei dëser Geleeënheet ginn all d'Léit aus der Gemeng iwwer 65 Joer invitéiert. Bei dëser Feier ginn och all déi geéiert, déi e ronne Gebuertsdag dat Joer gefeiert hunn.

Do kommen dann ëmmer eng ganz Partie Leit zesummen…

Paul Engel: Déi Feier ass zimmlech beléift bei eisen eelere Matbierger an e feste Rendez-vous an onsem Manifestatiounskalenner. Et ass fir si engersäits eng gutt Geleeënheet sech erëmzegesinn an e puer flott Stonne mateneen ze verbréngen. Fir de Schäffen- a Gemengerot ass et anersäits d‘Méiglechkeet mat hinnen direkt a Kontakt ze kommen an hiren Doleancen nozelauschteren.

Dëst Joer ass d‘Feier wéinst der Covid-19-Pandemie ausgefall. Mee dobäi wollt Dir et awer net beloossen…

Paul Engel: Nee, op kee Fall, a mir hunn ons gesot, datt mir eng Alternativ zu der Chrëschtfeier fir den Drëtten Alter brauchen. Well grad an dëse schwieregen Zäiten ass et wichteg, de Kontakt zu onsen eelere Matbierger ze sichen. Aus deem Grond ass de Schäffen- a Gemengerot bei all déi Leit heemgaange fir hinnen eng Fläsch Cremant a Knippercher z’iwwerreechen. Am Ganzen hu mir esou iwwer déi 3 Deeg wou d’Aktioun gaangen ass, 154 Leit gesinn. Déi 21 Leit, déi dëst Joer e ronne Gebuertsdag gefeiert hunn, kruten eng flott Corbeille vun ons. 

An déi sanitär Mesuren, wéi goufen déi agehalen?

Paul Engel: Mir si bei keen an d’Haus gaangen. De Kontakt huet virun der Hausdier stattfonnt a mir haten all ons Masken op. Alles Corona-konform also. 

Wéi war den Echo bei de Leit?

Paul Engel: Den Echo war ganz positiv. Et war wéi gesot fir ons d’Chance fir nozefroen, wéi et den eelere Matbierger geet. Wéi si eens gi mat der Situatioun a mat den Aschränkungen. Et ass wichteg een oppent Ouer ze hunn an dësen Zäiten an d’Leit sollen och wëssen, datt d’Gemeng an hir Servicer fir si do sinn. Eng Partie vu menge Buergermeeschterkolleegen hu jo och well op dës Thematik higewisen.

 

Foto: © Carole Weber

Marc Goelff (Schäffen), Paul Engel (Buergermeeschter) a Maggy Glesener-Haas (Member vum Gemengerot a Presidentin vun de „Fräizäitfrënn“)

Publié le : 22.12.2020

Matières