„Mayors for Peace“: E staarke Message vun de Lëtzebuerger Gemenge fir eng atomwaffefräi a méi friddlech Welt am Kader vum 80. Anniversaire vun Hiroshima an Nagasaki
A Präsenz vum japaneschen Ambassadeur Tadahiro Matsubara hunn sech e Mëttwoch, de 6. August 2025, eng Rei Vertrieder vu Gemengen, aus der Chamber a vum SYVICOL zu Wolz beim nationale Streikmonument afonnt, fir am Kader vun der internationaler Organisatioun „Mayors for Peace“ un déi Dausenden vun Affer vun den Atombommen op Hiroshima, an dräi Deeg méi spéit op Nagasaki, vu virun 80 Joer ze erënneren. Doriwwer eraus gouf dës Commemoratiounsfeier och genotzt fir déi weltwäit Oprëschtung unzeprangeren a fir eng méi friddlech Welt anzetrieden. No Reckeng op der Mess, Schëffleng, Käl /Téiteng an Iechternach huet dëst Joer déi 5. Editioun vun dëser „Journée de Commémoration“ zu Wolz beim nationale Streikmonument stattfonnt. Eng ganz Partie...