Matières

D‘AVCL steet beim Grënne vum SIGI an der éischter Rei

An der Reunioun vum AVCL-Verwaltungsrot ass am Fréijoer 1981 fir d’éischte Kéier Rieds dovunner fir e „Syndicat intercommunal en vue de l’emploi d’ordinateurs dans les communes" ze schafen. Lues a lues hunn d’Gemengen hei am Land ugefaangen sech z’informatiséieren. 3 Gemenge ware Virreider: Esch-Uelzecht, Réimech a Wolz. Si waren et och, déi domadder bei der AVCL virstelleg gi sinn.

Et gëtt decidéiert, datt d’AVCL d’Saach an d’Hand hëlt. Am Rapport vum Verwaltungsrot den 8. Mäerz 1981 heescht et „Le CA procède à un échange de vues et décide que notre Association doit prendre en mains la création d’un syndicat intercommunal appropié. Wichteg wär „de veiller à une mise au point de programmes utilisables par le plus grand nombre possible de communes."

Den AVCL informéiert den Interieur an et gi regional Versammlungen organiséiert fir d’Gemengen ze froen, wéi si dat gesinn. E puer Woche méi spéit fannen an de Gemengen Esch/Uelzecht, Réimech a Wolz déi besote Versammlunge statt. Rieds ass do scho vum „Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique", vum SIGI also.

Am Rapport vun der Assembleée générale vum AVCL den 3. Mee 1982 ass dann ze liesen, datt déi 3 Gemengen entretemps de SIGI gegrënnt hunn. „L’arrêté de la création a été signé en date du 31 mars de cette année. A l’heure actuelle, les villes d’Esch-sur-Alzette, Remich et Wiltz forment le syndicat intercommunal. Les communes qui ont maintenant l’intention d’y adhérer doivent prendre une délibération concordante au sein de leurs conseils communaux et une assemblée générale du syndicat qui aura lieu dans un proche avenir décidera de l’acceptation de ces nouveaux membres."

Am Joer 1984 si well 47 Gemengen am SIGI Member. Haut si mat 101 Gemengen, mat Ausnam vun der Stad Lëtzebuerg, all d’Gemenge Member beim SIGI. Als lescht sinn 2015 d’Gemengen Géisdref, Wal a Colmer-Bierg bäigetrueden. Niewent de Gemengen, kuckt de SIGI mëttlerweil awer och nach informatesch no 60 Gemengesyndikater, 30 Offices sociaux a knapps 540 Crèchen a Maison relaisen. D’nächst Joer feiert de SIGI säi 40. Anniversaire a kuckt dann op 4 Joerzéngten exemplaresch Zesummenaarbecht mat de Gemengen zeréck.


Illustratioun: © SIGI

Publié le : 31.03.2021

Matières