Matières

1990 - De Sujet Jumelage gëtt erëm aktuell bei de Gemengen a bleift et bis haut

Ugefaangen hat et mam Punkt „Fonds de jumelage“ am Kader vun der Sëtzung vum Comité den 8. Mee 1989, ënner deem den deemolege SYVICOL-President Henry Cravatte doriwwer informéiert hat, datt „la Commission a créé un fonds de jumelage destiné surtout aux jumelages avec les communes des pays périphériques d’Europe. Ce fond est doté d’un important montant d’écus“, wéi et am Rapport vum „Courrier communal“ steet.

Doropshi gëtt decidéiert d’Gemengen an d’Bild ze setzen, fir dat si nees nei Partnerschafte mat auslännesche Gemengen aginn oder fir aler erëm opzefrëschen. E ganz Joer laang ass et roueg ronderëm de Sujet, bis en de 25. Mee 1990 mat engem „Séminaire sur les jumelages de communes“, deen de SYVICOL zu Suessem an der Gemeng organiséiert huet, relancéiert gëtt.

Am Kader vun där Reunioun huet de SYVICOL Generalsekretär Carlo Meintz zum Thema „Le rôle communaux dans la construction européenne“ geschwat. A fir dat Ganzt méi lieweg ze gestalten, hunn d’Erna Hennicot-Schoepges, Buergermeeschtesch vu Walfer, den Nicolas Eickmann, Buergermeeschter vun Déifferdeng, an de Raymond Frisch, Buergermeeschter vu Veianen, vun de positiven Erfarungen an hire Gemengen erzielt. Zum Schluss vun der Manifestatioun huet den Alphonse Cruchten, deemools nach Gemengesekretär zu Dippech, iwwer de Finanzement am Kader vum besote „Fonds de jumelage“ referéiert.

De Sujet Jumelage, deen 1990 nees aktuell ginn ass, ass dat bis haut. Am Joer 2019 huet den Inneministère nämlech e Subsid fir d’Gemenge geschafen, dee mat 50.000 Euro dotéiert ass. Domadder soll de Gemengesecteur incitéiert gi fir seng Relatioune mam Gemengesecteur am Ausland ze fërderen, wéi et an der Circulaire vum 6. November 2019 heescht. De besote Subsid ersetzt deen, deen de SYVICOL bis dohinner all Joer un déi Gemenge ginn huet, déi Efforten am Beräich Jumelage gemaach hunn.

Zu de statutaresche Missioune vum SYVICOL gehéiert et, Jumelagen ze promouvéieren. Fir datt de SYVICOL dës Missioun awer weider kann erfëllen, ass och ee Vertrieder vum Gemengesyndikat Member an deem Aarbechtsgrupp am Inneministère, den no enger Rei Krittären d’Subsiden all Joer un d’Gemenge vergëtt. D’lescht Joer ass awer Corona-bedéngt keen Appell un d’Gemengen erausgaange fir hir Aktivitéiten am Beräich Jumelage beim Inneministère eranzeginn. De SYVICOL hofft dofir dës Joer d’Gemengen erëm ëmsou méi an hiren Efforte ronderëm d‘Thema Jumelage kënnen z’ënnerstëtzen.


Foto: © SYVICOL

Publié le : 27.05.2021

Matières