Matières

6. Editioun vum GRESIL ënnert dem Thema « Gemengen a Veräiner, wéi d’Zesummeliewe gestalten? »

E Mëttwoch, de 30. Juni, vun 9.00 bis 11.00, huet déi 6. Editioun vum GRESIL (Groupe d’échange et de soutien en matière d’intégration au niveau local) stattfonnt. Et war déi 2. digital Editioun vun der Austauschplattform fir d’Gemengen.

An der Plenière hunn de CEFIS an de Projet WOK vun der Gemeng Déifferdeng hir Erfarungen a gutt Beispiller vum Terrain gedeelt.  Dono hu ronn 50 Gemengen an eng sëlleg Associatiounen u verschiddenen Atelieren deelgeholl, déi all Kéier op Lëtzebuergesch a Franséisch ugebuede goufen.

No de Begréissungsriede vun der Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen, huet de President vum SYVICOL Emile Eicher ervirgehuewen datt d’Gemengen elo méi wéi jee gefuerdert sinn eng Hand unzepake fir d’Veräiner, d’Associatiounen an d’Clibb, also d’Réckgrat vum Mateneen an de Gemengen, an hirer wichteger Missioun z’ënnerstëtzen.

Déi ënnerschiddlech Veräiner, Clibb an Associatiounen déi et an eise Gemenge gëtt goufen an de 4 Themeberäicher Soziales an Educatioun, Sport a Gesondheet, Kultur an Interkulturalitéit a Fräizäit an Ëmwelt opgegraff. An deenen am ganzen 8 Ateliere kruten dunn d’Participantë selwer d’Méiglechkeet fir hir Iddien iwwert d’Aarbecht mat de lokalen Associatiounen an hir Ënnerstëtzung vun dësen am Beräich vum Zesummeliewe festzehalen. Dës “Best practices” gi wéi ëmmer vun den Organisateuren, dem Integratiounsdepartement vum Familljeministère, der Asti, dem CEFIS an dem SYVICOL, zu enger Broschür verschafft, an all de Gemengen an deenen nächste Méint zur Verfügung gestallt.

Weider Informatioune fannt Dir och um Site vum SYVICOL, an um Helpdesk Integratioun vun der ASTI

De SYVICOL seet dann och nach eng Kéier all de Participanten, Moderateuren an Representantë vun Associatiounen déi sech Zäit geholl hu fir deelzehuelen e grousse Merci, a mir hoffen Iech all fir den nächste GRESIL erëmzegesinn. 

Publié le : 02.07.2021

Matières