D’Gemenge Stengefort, Iechternach a Beetebuerg ënnerschreiwen de „Pakt vum Zesummeliewen“

De 17. respektiv den 21. an 28. Mäerz hunn d’Gemenge Stengefort, Iechternach a Beetebuerg de „Pakt vum Zesummeliewen“ ënnerschriwwen.

De President vum SYVICOL, Emile Eicher, huet a senger Ried zu Stengefort ervirgehuewen, datt „et bei der Integratiounsaarbecht  och dorëms geet zesummen eng Identitéit ze schafen, eng Identitéit vun all deene Leit déi hei zu Lëtzebuerg wunnen a sech am Alldag begéinen. Dofir brauch een Oppenheet an och eng gewëssen Iwwerzeegungsaarbecht fir d’Leit mat op nei Weeër ze huele fir d’Zesummeliewen ze fërderen“.

De Buergermeeschter vu Stengefort, Sammy Wagner, huet beschriwwen datt een an esou enger Kris wéi mir se am Moment duerchliewe gutt gesäit datt d’Leit et awer fäerdeg bréngen zesummenzestoen, solidaresch ze sinn, an och Mënschen opzehuelen. „An och mir als Gemeng wäerten eisen Deel dozou bäidroen“, esou de Sammy Wagner a senger Ried. Doriwwer eraus huet hie betount datt der Gemeng Stengefort „hiren Engagement fir d’Zesummeliewen sech net nëmmen op d’Zesummeliewen tëschent de Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger beschränkt, mee och déi Jonk a manner-Jonk, esou wéi d’Chancëgläichheet tëschent Fraen a Männer aschléisst“, an huet domat déi transversal Approche fir d’Zesummeliewen a fir d’Diversitéit vu senger Gemeng ënnerstrach.

Och d’Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, huet erkläert datt d’Integratioun fir Sie iwwer all méiglech Generatioune geet, egal ob Mann oder Fra, egal vu wou ee kënnt, behënnert oder net-behënnert, „an dat ass och wéi mir eis d’Zesummeliewe virstellen, eng accessibel Welt vir jiddwereen, eng accessibel Gemeng fir jiddwereen, an och ze kucken datt jiddweree matmécht, an um Ball ze bleiwen, esou wéi an der Gemeng Stengefort, wann net all Mënsch direkt déi éischte Kéier matmécht“.

Zu Iechternach huet, no der Begréissung duerch de Buergermeeschter Yves Wengler, de Ricardo Marques, zoustännege Schäffe fir Soziales, ervirgehuewen datt d’Gemeng Iechternach sech op d’Zesummenaarbecht mat de Partner freet. „Mir hu gutt Iddien hei zu Iechternach”, huet hie bäigefüügt „allerdéngs komme mir als Gemeng an och d’Benevollen heiansdo un eis Grenzen. Dofir si mir frou datt mir an Zukunft duerch d’Expertise vun de Conseillers à l’Intégration ënnerstëtzt ginn.” sou den Här Marques weider.

Den Emile Eicher huet betount datt, „an Zäite vum gesellschaftlechen Ëmbroch, et ëmsou méi wichteg ass, datt een och op lokalem Niveau esou schnell wéi méiglech agéiert a versicht d’Leit beieneen ze bréngen an z’integréieren an hinnen eng Heemecht ze vermëttelen, an dat geet am beschten an de Gemengen”, sou de President vum SYVICOL.

De Jacques Brosius, Conseiller de Gouvernement am Familljen- an Integratiounsministère, deen zu Iechternach d’Madamm Minister Cahen vertrueden huet, huet a senger Ried déi gutt Viraarbecht vun Iechternach ervirgehuewen a sech op déi zukünfteg Zesummenaarbecht mat der Gemeng gefreet, och fir nei Erfarungswäerter ze sammelen a mat anere Gemengen ze deelen, well „et op Gemengenniveau ass wou d’Zesummeliewe stattfënnt.” sou de Jacques Brosius.

De Laurent Zeimet, Buergermeeschter vu Beetebuerg, huet a senger Begréissungsried ënnerstrach datt de Pakt vum Zesummeliewen, deen unanime am Gemengerot gestëmmt ginn ass, e weidert Instrument ass fir d’Zesummeliewen op der Gemeng Beetebuerg nach besser z’encadréieren. Well „wa mer zesummeliewen, da maache mer dat virun allem an de Gemengen, an déi sinn net nëmmen do fir Servicer unzebidden, mee och fir d’Leit zesummen ze bréngen, fir datt si Aktivitéite kënnen deelen a sech austauschen a sech an hirer Gemeng abréngen” sou de Buergermeeschter Zeimet weider.

De Louis Oberhag, Vize-President vum SYVICOL, deen de President Emile Eicher zu Beetebuerg vertrueden huet, huet a senger Ried festgehalen datt „Zesummeliewen an d’sozial Kohäsioun oft scho beim Empfang op der Gemeng ufänkt. Wann ee sech direkt beim Accueil fir d’Leit interesséiert an oppen op si duergeet, da fille si sech direkt als Member vun enger diverser Communautéit opgeholl.” sou de Louis Oberhag.

D’Ministesch Cahen hirersäits huet d’Gemeng Beetebuerg fir hir dynamesch Approche gelueft, „ hei huet een dat Gefill vu Communautéit, vum Zesummeliewe ganz staark, op dat an der Aarbecht ass mat Behënnerten, intergenerationell Projeten, Aarbecht mat den auslännesche Matbierger oder einfach mat Leit déi nei an d’Gemeng plënneren, d’huet een d’Gefill d’geschitt alles am Zeeche vum Zesummeliewen zu Beetebuerg. An dat ass dee participative Prozess dee mir mam Pakt vum Zesummeliewen nach wëlle fërderen”, sou d’Ministesch Cahen.

De Pilotprojet ass vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, zesumme mat senge Partner dem SYVICOL, der ASTI an dem CEFIS ausgeschafft ginn. De Gemenge steet dann och en Team vum zoustännege Ministère, der ASTI  an dem CEFIS , esou wéi 4 Integratiounsberoder fir d’Ëmsetzung vum Pakt vum Zesummeliewen zur Säit.

Méi Informatiounen iwwert de Pakt fannt Dir ënnert: https://mfamigr.gouvernement.lu/de/le-ministere/attributions/integration/niveau-communal/plan-communal.html.


Fotoen: © Gemengen Stengefort, Iechternach & Beetebuerg

Publié le : 30.03.2022