D‘Gemenge Schëtter an Ëlwen ënnerschreiwen de „Pakt vum Zesummeliewen“

Den 20. Abrëll, beziehungweis den 3. Mee, hunn d’Gemenge Schëtter an Ëlwen de „Pakt vum Zesummeliewen“ an enger feierlecher Zeremonie ënnerschriwwen.

Fir de Buergermeeschter vu Schëtter, Jean-Paul Jost, ass d’Ënnerschreiwe vum „Pakt vum Zesummeliewen“ ee weidere Schrëtt fir „dat weider ze entwéckele wat eis Kommissioune wärend deene leschte Joren ausgeschafft hunn. Als Gemeng si mir eis scho säit laangem bewosst, dat et ganz wichteg ass alleguerten déi Leit déi bei eis wunne kommen, a scho bei eis wunnen, an d’ëffentlech Liewe mat anzebannen. Et war eis ëmmer ganz wichteg fir net zu enger Schlofgemeng ze ginn, wou d’Leit einfach beienee wunnen, wou awer keen eppes mat deem aneren ze dinn huet, respektiv keen no deem anere kuckt.“

De Vize-President vum SYVICOL, Louis Oberhag, huet a senger Ried ervirgehuewen, datt Gemeng Schëtter „hei eng Saach finaliséiert déi si scho mat ganz villen Aktiounen an de leschte Joren ëmgesat hunn“ an encouragéiert d’Gemeng genau esou weider ze fueren. Fir de Louis Oberhag ass kloer „hei gi konkret Aktioune lancéiert an et bléift net bei der Theorie a genau dat ass gelieften Integratioun“ huet hie betount.

Och d’Minister fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, Corinne Cahen, huet ënnerstrach dass „d’Integratioun zu Schëtter nach ëmmer grouss geschriwwe ginn ass“. Och beim Pakt wier d’Haaptzil fir d’Participatioun an der Gemeng vun all Eenzelem ze fërderen, sief dëst duerch kuerz- oder laangfristeg Engagementer. An deem Sënn huet d’Madamm Minister der Gemeng Schëtter fir déi bis well ëmgesaten Aktiounen zu Gonschte vun der Integratioun gratuléiert an op eng weider gutt Zesummenaarbecht gehofft.

Zu Ëlwen, huet de Buergermeeschter Edy Mertens betount dat auslännesch Matbierger déi sech an der Gemeng installéieren duerch hir verschidde Kulturen an Erfarungen d’Liewen op der Gemeng beräicheren. D’Ënnerschrëft vum Pakt vum Zesummeliewen ass eng Méiglechkeet fir dëst a konkrete Projeten ze weisen un deenen sech all d’Bierger bedeelegen, wou se sech austauschen a sech kenneléiere kënnen.

De Louis Oberhag sengersäits huet ervirgestrach datt „d’Gemeng Ëlwen eng weltoppen a convivial Gemeng ass, déi d’Zesummenaarbecht tëschent verschiddene Kulture promouvéiert, wat een dorunner gesäit datt si net manner wéi 27 Jumelagen hunn, ee Jumelage fir all Land an der EU.“ Mat der Ënnerschrëft vum Pakt hëlt d’Gemeng deemno just e weidert politescht Engagement fir d’Zesummeliewen, d’kuturell Interaktioun an di sozial Kohäsioun op der Gemeng an ze fërderen.

D’Minister Cahen huet an hirer Ried ënnerstrach datt et wichteg ass, datt „Lëtzebuerger esouwuel wéi Auslänner an enger Gemeng net nëmme consomméiere wat ugebuede gëtt mee selwer Acteure gi vun hirer eegener Integratioun“, woubäi d’Ënnerschrëft vum „Pakt vum Zesummeliewen“ en éischte wichtege Schrëtt, an awer och eng grouss Ënnerstëtzung fir dëst Zil ze erreechen fir d’Gemengen duerstellt.

De Pilotprojet ass vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, zesumme mat senge Partner dem SYVICOL, der ASTI an dem CEFIS ausgeschafft ginn. De Gemenge steet dann och en Team vum zoustännege Ministère, der ASTI an dem CEFIS , esou wéi 4 Integratiounsberoder fir d’Ëmsetzung vum Pakt vum Zesummeliewen zur Säit.

Méi Informatiounen iwwert de Pakt fannt Dir ënnert: https://mfamigr.gouvernement.lu/de/le-ministere/attributions/integration/niveau-communal/plan-communal.html.

Publié le : 24.05.2022