Matières

Mayors for Peace : D’Gemengen am Asaz fir eng Welt ouni Atomwaffen a méi Fridden

A Presenz vum japanesche Botschafter gouf e Samschden, de 6. August, zu Schëffleng zesumme mam SYVICOL am Kader vun der Organisatioun „Mayors for Peace“ un Affer vun den Atombommen-Ofwërf op Hiroshima a Nagasaki viru 77 Joer geduecht. Et gouf och en Appell gemaach fir d’nuklear Ofrëschtung an eng méi friddlech Welt. Am Mëttelpunkt vun de Riede stoungen och de Krich an der Ukrain an d’Flüchtlingsproblematik esou wéi den 80. Anniversaire vum Generalstreik 1942.

De Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser, den Tom Jungen, an de Raymond Becker, vun der „Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl“ sinn déi zwee Grënner vun dëser Zeremonie wann een esou wëll. An Zesummenaarbecht mam SYVICOL, deen am Dezember 2020 en Opruff un d’Gemenge via Circulaire gemaach hat, fir der internationaler Organisatioun „Mayors for Peace“ bäizetrieden, hu si dës järlech Gedenkzeremonie an d’Liewe geruff.

Am Joer 1982 hat den Takeshi Araki, den deemolege Buergermeeschter vun Hiroshima, „Mayors for Peace“ gegrënnt, mam Zil, datt d’Gemenge ronderëm onse Planéit an och hir Bierger fir eng Welt ouni Atomwaffen antrieden, sech solidaresch weisen a sech fir ee méi friddlecht Zesummeliewen engagéieren.

Aktuell sinn 8.200 Gemengen aus 166 Länner a Regioune Member vu „Mayors for Peace“ (www.mayorsforpeace.org) dorënner och 63 Gemengen aus Lëtzebuerg. Nei derbäi komm sinn zënter dem SYVICOL sengem Opruff 2020 folgend 7 Gemengen: Bartreng, Käerjeng, Noumer, Reckeng op der Mess, Rouspert/Mompech, d'Stauséigemeng, Waldbriedemes an elo ganz rezent och Stengefort. Schonn am Juli 1989 ass Wolz, als éischt Gemeng hei am Land der Organisatioun bäigetrueden.

Nodeems dës „Journée de Commémoration“ d’lescht Joer op dem 6. August zu Reckeng op der Mess stattfonnt hat, war dëst Joer d’Gemeng Schëffleng den Organisateur. Dat och virum Hannergrond vun 80 Joer Generalstreik géint d’Nazibesatzung. Speziell dorops ass de Paul Weimerskirch, de Buergermeeschter vu Schëffleng, dunn a senger Ried agaangen an huet vun „den heldenhaftesten an zugläich bluddegsten Deeg an der Geschicht vun onsem Land“ geschwat. „De Widderstand géint de Nazibesatzer gehéiert an déi Lëtzebuerger Schoulbicher a soll Deel vum Programm sinn an de Schoulen“, esou de Paul Weimerskirch weider, deen ënnerstrach huet, datt et „ons Flicht ass, dat Vermiechtnes, genau wéi d’Erënnerung un Hiroshima an Nagasaki un déi jonk Leit weider ze ginn.“

Deelgeholl un der Zeremonie huet och de japanesche Botschafter hei zu Lëtzebuerg, de Jiro Okuyama. A senger Ried sot hien sech erfreet an dankbar doriwwer, datt d’Gemengen am Grand-Duché an de SYVICOL dës Initiative ergraff hunn. De Jiro Okuyama huet bei där Geleeënheet déi russesch Attack de 24. Februar op d’Ukrain op d’schäerfst condamnéiert.

De SYVICOL-Vizepresident Louis Oberhag ass och op de Krich an der Ukrain agaangen an huet déi immens Solidaritéitswell ervirgehuewenen, déi um privaten, kommunalen a nationale Plang hei am Land a queesch duerch Europa an déi ganz Welt entstanen ass. An deem Kontext huet hien och eng Rei Beispiller zitéiert, wéi d’Gemengen zu Lëtzebuerg hir Solidaritéit mam ukrainesche Vollek weisen. „D‘Stad Lëtzebuerg benennt een neie Boulevard, deen de Quartier Houwald mam Garer Quartier verbënnt, „Boulevard de Kyiv - Capitale de l’Ukraine“ an d’Stad Esch wäert am Oktober deen éischte lëtzebuergesch-ukrainesche Jumelage mat der Stad Stryi ënnerschreiwen.“

De Louis Oberhag huet och d’Ukrainescht Haus an der Gemeng Stroossen erwäänt an op dem SYVICOL seng Homepage higewisen, ob der eng nei Rubrik mam Titel „Soutien à l’Ukraine“ am gaangen ass z’entstoen. „Fridden ass keng Selbstverständlechkeet“, esou de Louis Oberhag ofschléissend.

De Raymond Becker vun der „Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl“ huet sengersäits a senger Ried däitlech gemaach, datt de Risiko vun engem Krich mat Atomwaffen aktuell esou grouss ass, wéi schonns laang net méi. Hien huet een Appell fir méi Mënschlechkeet gemaach an d’Atommuechten zur Vernonft opgeruff. An deem Kontext huet hien de franséische Schrëftsteller a Journalist Albert Camus zitéiert, dee gesot huet „dat de Fridden deen eenzege Kampf ass fir deen et sech ze kämpfe lount“.

Zum Schluss goufen dunn zwee Konschtwierker devoiléiert, vun deenen eent elo am Park Léonie Koullen am Zentrum vu Schëffleng säin neit Doheem wäert hunn. Gemeinsam gouf och ee Ginkgo-Bam geplanzt.

D‘Gemeng KälTéiteng huet sech bereet erkläert, de 6. August d’nächst Joer dës „Journée de Commémoration“ z’organiséieren.


Fotoen : © Laurent Graaff / SYVIVOL

Publié le : 09.08.2022

Matières