D’Gemeng Steesel ass di 30. Gemeng déi de Pakt vum Zesummeliewen ënnerschreift

De 7. November huet och d’Gemeng Steesel, als 30. Gemeng am Land, de Pakt vum Zesummeliewen ënnerschriwwen. Fir de SYVICOL war de President Emile Eicher bei der Ënnerschrëft mat derbäi. 

No kuerze Riede vum Här Buergermeeschter vu Steesel Fernand Marchetti, dem President vum SYVICOL Emile Eicher, an der Madamm Minister Corinne Cahen, huet d’Gemeng offiziell de Pakt signéiert. Dono hat d’Gemeng op e flotte Patt agelueden.  
 
De Pilotprojet vum Pakt vum Zesummeliewen ass vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, zesumme mat senge Partner dem SYVICOL, der ASTI an dem CEFIS ausgeschafft ginn. De Gemengen déi de Pakt ënnerschreiwe steet en Team vum zoustännege Ministère, der ASTI an dem CEFIS , esou wéi 4 Integratiounsberoder fir d’Fërderung vum Zesummeliewen an hirer Gemeng zur Säit. 
 
Méi Informatiounen iwwert de Pakt vum Zesummeliewe fannt Dir ënnert: https://mfamigr.gouvernement.lu/de/le-ministere/attributions/integration/niveau-communal/plan-communal.html.



Fotoen : © Commune de Steinsel 

Publié le : 17.11.2022