D’Gemeng Leideleng ass déi éischt déi de Pakt vum Zesummeliewen am Joer 2023 ënnerschreift

De 26. Januar huet och d’Gemeng Leideleng, als 31. Gemeng am Land, de Pakt vum Zesummeliewen ënnerschriwwen. Fir de SYVICOL war de Vize-President Louis Oberhag bei der Ënnerschrëft mat derbäi. 

No kuerze Riede vun der Madamm Buergermeeschter Diane Feipel, der Presidentin vun der Leidelenger Integratiounskommoissioun Christiane Schmit-Hamen, dem Vize-President vum SYVICOL Louis Oberhag and der Madamm Minister Corinne Cahen, huet d’Gemeng offiziell de Pakt signéiert. Dono huet si op e flotte Patt agelueden.  
 
De Pilotprojet vum Pakt vum Zesummeliewen ass vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, zesumme mat senge Partner dem SYVICOL, der ASTI an dem CEFIS ausgeschafft ginn. De Gemengen déi de Pakt ënnerschreiwe steet en Team vum zoustännege Ministère, der ASTI an dem CEFIS , esou wéi 4 Integratiounsberoder fir d’Fërderung vum Zesummeliewen an hirer Gemeng zur Säit. 
 
 
Méi Informatiounen iwwert de Pakt vum Zesummeliewe fannt Dir ënnert: https://mfamigr.gouvernement.lu/de/le-ministere/attributions/integration/niveau-communal/plan-communal.html.


Fotoen : © SYVICOL

Publié le : 09.02.2023