D’Gemeng Péiteng ënnerschreift als 32. Gemeng de Pakt vum Zesummeliewen

Den 10. Mäerz huet d’Gemeng Péiteng de Pakt vum Zesummeliewen am Centre culturel “A Rousen” ënnerschriwwen. Fir de SYVICOL war de Vize-President Louis Oberhag bei der Ënnerschrëft mat derbäi. 

No kuerze Riede vum Här Buergermeeschter Pierre Mellina, dem Vize-President vum SYVICOL Louis Oberhag an der Madamm Minister Corinne Cahen, déi all d’Wichtegkeet vun der Gemeng bei der Fërderung vum Zesummeliewen op lokalem Niveau ervirgehuewen hunn, huet d’Gemeng offiziell de Pakt signéiert. Dono huet si op e conviviale Patt ageluede wou déi geluede Gäscht e flotte Moment zesumme verbruecht hunn.  
 
De Pilotprojet vum Pakt vum Zesummeliewen ass vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, zesumme mat senge Partner dem SYVICOL, der ASTI an dem CEFIS ausgeschafft ginn. De Gemengen déi de Pakt ënnerschreiwe steet en Team vum zoustännege Ministère, der ASTI an dem CEFIS , esou wéi 4 Integratiounsberoder fir d’Fërderung vum Zesummeliewen an hirer Gemeng zur Säit.

Méi Informatiounen iwwert de Pakt vum Zesummeliewe fannt Dir ënnert: https://mfamigr.gouvernement.lu/de/le-ministere/attributions/integration/niveau-communal/plan-communal.html.

Fotoen : © SYVICOL

Publié le : 13.03.2023