D’Gemeng Mäertert ënnerschreift als 33. Gemeng de Pakt vum Zesummeliewen

De 24. Abrëll huet d’Gemeng Mäertert de Pakt vum Zesummeliewen ënnerschriwwen. Fir de SYVICOL war de Vize-President Louis Oberhag bei der Ënnerschrëft mat derbäi. 

No kuerze Riede vum der Madamm Schäffen Nadine Lang-Boever, déi gläichzäiteg Presidentin vun der Integratiounskommissioun ass, der Madamm Minister Corinne Cahen, dem Vize-President vum SYVICOL Louis Oberhag an dem Här Buergermeeschter Jérôme Laurent, déi d’Wichtegkeet vun der Gemeng bei der Fërderung vum Zesummeliewen op lokalem Niveau ervirgehuewen hunn, huet d’Gemeng offiziell de Pakt signéiert. Dono huet si op e conviviale Patt ageluede wou déi geluede Gäscht e flotte Moment zesumme verbruecht hunn.  

De Pilotprojet vum Pakt vum Zesummeliewen ass vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, zesumme mat senge Partner dem SYVICOL, der ASTI an dem CEFIS ausgeschafft ginn. De Gemengen déi de Pakt ënnerschreiwe steet en Team vum zoustännege Ministère, der ASTI an dem CEFIS, esou wéi 5 Integratiounsberoder fir d’Fërderung vum Zesummeliewen an hirer Gemeng zur Säit.

Méi Informatiounen iwwert de Pakt vum Zesummeliewe fannt Dir ënnert: https://mfamigr.gouvernement.lu/de/le-ministere/attributions/integration/niveau-communal/plan-communal.html.


Fotoen : © SYVICOL

Publié le : 28.04.2023