Matières

Optakt vun enger Portrait-Serie – De SYVICOL-Vizepresident Guy Altmeisch: „D‘Autonomie stäerken an déi kommunal Finanzen op de Leescht huelen“

Berufflech bedéngt ass de Guy Altmeisch eréischt zënter 2017 esou richteg um lokalpolitesche Plang aktiv. Fir d‘éischt war hien du Conseiller an der Oppositioun. Haut ass de pensionéierte Polizist Buergermeeschter zu Déifferdeng an ee vun de fënnef Vizepresidenten am Comité vum SYVICOL, wou hien nieft den Interesse vu senger eegener Gemeng och déi vu Käerjeng a Péiteng vertrëtt. Ee Sujet leit dem 65-Järegen awer ganz besonnesch um Häerz: d’Sécherheetsgefill vun de Leit.

Ugefaangen huet dem Guy Altmeisch säi politescht Engagement viru méi wéi 30 Joer. Deemools ass hien der LSAP-Sektioun zu Déifferdeng bäigetrueden an där Leit wéi den Nic Eickmann, de laangjärege Buergermeeschter vun der Cité du Fer, wéi déi mat 30.000 Awunner drëttgréisste Stad vun eisem Land och nach genannt gëtt, den Toun uginn hunn. „Hien huet mech gepräägt a maer villes mat op de Wee ginn“ seet de Guy Altmeisch réckbléckend, woubäi hie selwer am Ufank awer just konnt am Hannergrond agéiere fir et emol esou ze formuléieren. D’Gemengegesetz gesäit nämlech eng Incompatibilitéit vir vum Mandat vum Gemengepolitiker an dem Beruff Polizist.

Eréischt wéi hien du matt 55 Joer a Pensioun gaangen ass, huet hie sech an der éischter Rei konnten engagéieren. 2017 ass de Guy Altmeisch mat a Gemengewale gaangen. D’LSAP, déi joerzéngtelaang zu Déifferdeng um Pouvoir war, huet et awer och mat him net zeréck an d‘Majoritéit gepackt. Sechs Joer méi spéit huet dem Guy Altmeisch seng grouss Stonn dunn awer geschloen. Hien ass Éischtgewielten an doropshi Buergermeeschter ginn. D‘LSAP war no 21 Joer zeréck um Pouvoir, zesumme mat der CSV als Koalitiounspartner.

„Déi lescht sechs Méint waren immens intensiv an interessant. Et brauch een awer eng Zäit fir sech en Iwwerbléck ze verschaffen an trotzdeem entdeckt ee quasi all Dag nach nei Saachen. An et ass een och ëmmer mat anere Problemer konfrontéiert. Mee ech kann awer elo schonns soen, dass Buergermeeschter sinn dee schéinste Beruff ass, deen ech bis elo hat“, sou de Guy Altmeisch, deen a sengem éischte Liewen, wéi schonns erwäänt Polizist war. Mat 17 ass hien deemools op den Härebierg gaangen, duerno war hie Revéier-Polizist zu Déifferdeng, ier hien dunn Hondsmeeschter bei der Police ginn ass. Zum Schluss vu senger Karriär war hie Chef zu Bieles um Commissariat de Proximité.

De Guy Altmeisch plädéiert fir e méi allgemengen Debat iwwer d’Sécherheetsgefill vun de Bierger.

Um Gemengeplang sinn him d’Liewensqualitéit vun den Awunner, de gesellschaftleche Mateneen an déi sozial Kohäsioun ganz wichteg. „Eppes wat mir och um Häerz läit, ass d’Sécherheetsgefill vun de Bierger. An dat virum Hannergrond, dass Klengkriminalitéit, ëffentlechen Drogekonsum a Vandalismus och zu Déifferdeng zougeholl hunn“, seet hien a betount, datt et net ka sinn, dass „d‘Leit an der Angscht musse liewen“. Speziell am Stadzentrum wär d’Situatioun esou komplizéiert ginn, datt eng Rei Leit vun do fort geplënnert sinn. „Mam Installéiere vun Iwwerwaachungskameraen huet d’Lag sech verbessert“, esou de Guy Altmeisch, dee fir e méi allgemengen Debat iwwer d’Problematik plädéiert. „Et geet awer net dorëms en Iwwerwaachungsstaat ze ginn, mee unhand vun de Video-Opnamen déi Responsabel kënnen ze identifizéieren a se ze sanctionéieren“, esou de Guy Altmeisch fir deen dës Approche e Modell fir vill Plazen am Land ass.

Wat elo säi Mandat am SYVICOL betrëfft, esou wëll de Guy Altmeisch sech als Vizepresident duerfir asetzen, dass „d‘Gemengen an hirer Autonomie gestäerkt an déi kommunal Finanzen op de Leescht geholl ginn.“ Speziell wat d’Finanze betrëfft, gesäit hie groussen Handlungsbedarf. „D‘Gemengefinanze mussen ënnert d‘Lupp geholl ginn, well mat all deem wat op d’Gemengen duerkomm ass an der Lescht mat deene verschiddene Krisen, riskéiert eis mëttelfristeg d’Loft auszegoen.“ A wie keng finanziell Moyenen huet, deem seng Autonomie ass och begrenzt, esou de Guy Altmeisch weider. A sengen Ae mussen och déi kommunal Interessien am Allgemenge géintiwwer der nationaler Politik weider gestäerkt ginn, well d’Gemengen si schliisslech d’Basis vun eiser Demokratie. Och an dëser Hisiicht wëll hie sech am SYVICOL abréngen.

A wien hie kennt, weess dass hien ee Minettsdapp duerch an duerch ass, dee kee Problem domadder huet, Decisiounen ze huelen an och dozou ze stoen. Hie selwer beschreift sech als gradlinneg an als een, dee munchmol e bëssi Problemer mat der Diplomatie huet. Hien hätt awer schonns vill bäigeléiert. „A wann ee wéi ech als Polizist 35 Joer laang de Leit hir Problemer geléist huet, dat fält engem dat och als Buergermeeschter méi einfach“, esou de Guy Altmeisch, deen och e richtege Veräinsmënsch ass. Mat schwéierem Häerzen huet hie missten säin Engagement als Vizepresident am FC Déifferdeng 03, wou hien och laang Jore Präsident vun der Jugendkommissioun war, néier leeë wéi hie Buergermeeschter ginn ass. Wichteg ass him och säi familiäert Ëmfeld: „Esou ee politescht Mandat mat vollem Engagement kann ee just ugoen, wann d’Famill an d’Fra matzitt“, sou de Papp vun zwee erwuessene Bouwen ofschléissend.

Umierkung: An enger Serie vu Portraite stellt de SYVICOL an de nächste Wochen a Méint all dMembere vu sengem Comité fir an dat an alphabetescher Reiefolleg.

Foto : © SYVICOL

Publié le : 07.02.2024

Matières