Matières

"Mir si frou an houfreg !" - De Fränk Daems, Buergermeeschter vu Fëschbech, zur Gebuert vum Prënz Charles

E Sonnden de Moie fréi koum hien op d’Welt. An zënter gëschter ass hien Doheem, zesumme mat sengen Elteren, dem Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra, der Prinzessin Stéphanie. D’Ried ass vum klenge Prënz Charles. An zu Fëschbech sinn se all frou an houfreg. Virop natierlech de Buergermeeschter Fränk Daems.

SYVICOL: Wat bedeit dat fir Iech an Är Gemeng?

Fränk Daems: Majo, dat ass natierlech ee grousse Moment fir ons Awunner, fir eis kleng Gemeng grad wéi fir eist ganzt Land. Virop felicitéiere mir natierlech der erweiderter Famill fir hiert Gléck! Mir sinn all frou an houfreg iwwerhaapt schonns, datt den Ierfgroussherzog Guillaume an seng Fra, d‘Prinzessin Stéphanie, sech hei bei ons an der Gemeng nidder gelooss hunn. An elo si mir stolz drop, dat de Prënz Charles hei an eiser Mëtt wäert opwuessen. Dat huet jo och ganz vill mat der Geschicht vum Groussherzoglechen Haff ze dinn a mat Familljentraditioun.

SYVICOL: Ass eppes spezielles virgesinn?

Fränk Daems: Nee, un sech am Moment net, well do huet ons de Virus ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Am Fong war fir den 20. Juni eng Joyeuse Entrée virgesinn, e Volleksfest mat eise Gemengeleit, fir den Ierfgroussherzog Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie mat hirem Nowuess an eiser Gemeng wëllkomm ze heeschen, getrei der Traditioun, esou wéi eis Gemeng och schonn am Juni 2002 mam Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine Charlotte hir Entrée gefeiert hat. Mee wéi gesot, den Dag vu gëschter ass schonns ee ganz besonneschen. An der Rue Grande-Duchesse Charlotte, déi bei d’Schlass féiert, hunn d’Awunner d’Fändelen erausgehaangen. Dat ass schonns ee ganz besonneschen Ubléck an verdäitlecht och d’Verbonnenheet vun eisen Awunner zur Groussherzoglecher Famill.

SYVICOL: Wéi hutt Dir der jonker Famill gratuléiert?

Ech war e Sonnden de Moien an d’Garde vum Schlass an hunn do am Numm vun allen Awunner vun der Gemeng Fëschbech ons Gléckwënsch an engem Schreiwes un d’Ierfgroussherzoglech Koppel iwwerbruecht. Donieft hu mir fir haut um Donneschdeg, nach e faarwegt Blummenarrangement op d’Schlass liwwere gelooss. Ech denken, et ass gutt, der Famill an dem klenge Prënz elo e bëssi Zäit ze ginn, an ze respektéieren datt si sech mol un déi nei Situatioun gewinne kënnen a sech an hirem Doheem fannen.

Publié le : 14.05.2020

Matières