Matières

Fusioun vu Groussbus a Wal : SYVICOL-Präsident Emile Eicher op Besuch fir en Echange mat deenen zwee Buergermeeschteren

Bei den nächste Gemengewalen am Joer 2023 wëllen se zesumme wiele goen. Da wëllen déi zwou Gemenge Groussbus a Wal, déi alle béid am Réidener Kanton doheem sinn, eng Gemeng sinn. Momentan ginn op alle Fall d’Jalone fir d‘Fusioun gesat. Et goufen an de leschte Woche well véier offiziell Workshoppen, wou déi zwee Gemengen- a Schäfferéit de Projet intensiv diskutéiert hunn. Et geet virun, woubäi Groussbus a Wal scho laang Joren op verschiddene Pläng zesummeschaffen.

E Freiden, den 31. Juli, war an dem Kontext och de SYVICOL-Präsident Emile Eicher op Besuch, fir zesumme mat deenen zwee Buergermeeschtere Christiane Thommes-Bach (Wal) a Paul Engel (Groussbus) ze kucken, wou de Projet drun ass, wéi et weider geet a wéi eng Steng nach aus dem Wee ze raume sinn. Beim Echange mat deenen zwee Buergermeeschtere war och de Carlo Stein, Gemengesekretär vu Groussbus mat derbäi. De Marc Pletschette, Gemengesekretär vu Wal war leider verhënnert. Vun Ufank un leeën déi politesch Responsabel vu Groussbus a Wal grousse Wäert drop, fir d’Gemengepersonal bei de Workshoppe mattanzebannen.

D‘Gemengefusioune sinn ee vun de Sujete fir déi sech de Gemengesyndikat SYVICOL staark mécht a senge Membere berodend zur Säit steet. Den Emile Eicher selwer huet vill Erfarung am Beräich Gemengefusiounen, ass hien dach selwer vum éischten Dag un Député-maire an der Fusiounsgemeng Clierf.

Wéi geet et dann elo weider mat der Fusioun vu Groussbus a Wal? Fir den Hierscht sinn nach zwee oder dräi Workshoppe geplangt. Viraussiichtlech fënnt dann am November an deenen zwee Gemengeréit e Vote statt, fir kënnen d’nächst Joer de Referendum z’organiséieren.

2021 fannen eng Rei Consultatioune mat de Bierger statt, éier am Abrëll oder Mee an deenen zwou Gemengen de Referendum soll ofgehale ginn. A wann d’Bierger bis hire Feu vert ginn, steet der Fusioun näischt méi am Wee.

De SYVICOL freet sech op alle Fall drop, d’Entstehung vun der neier Gemeng ze begleeden a kënnt am Hierscht mat weideren Informatiounen iwwer de Prozess zréck.

Publié le : 31.07.2020

Matières