Matières

Déi nei Comitésmember Marie-Paule Engel-Lenertz: „D’Politik krut ech mat an d’Wéi geluecht.“

Si ass zënter 2017 zu Steesel am Gemengerot aktiv, wou si sech an éischter Linn fir dat Soziaalt asetzt. Rieds ass natierlech vum Marie-Paule Engel-Lenertz, déi zënter kuerzem och Member am Comité vum SYVICOL ass an do d’Interête vu gläich 7 Gemenge vertrëtt.

„Sech fir d’Besoine vun de Gemengen allgemeng asetzen an zesummen e Konsens fannen tëschent de klengen a groussen Acteuren um kommunale Plang. Dat ass et wat mech motivéiert huet, fir meng Kandidatur fir eng Plaz am Comité vum SYVICOL ze stellen".

A wéi koum si dann iwwerhaapt dorop? „Majo ech mengen do brauch ee kee Secret draus ze maachen. Et war de Jempy Klein, onse Buergermeeschter a laangjärege Präsident vum SYVICOL, dee gemengt huet, ech hätt net nëmme gutt Chance wann ech géing kandidéieren, mee ech géing och ganz gutt doranner passen.“

All dat ass elo well e puer Wochen hir. Haut ob den 21. September war d’Marie-Paule Engel-Lenertz bei der éischter Comitéssëtzung vum Gemengesyndicat no der Summervakanz derbäi, an hat deemno hiren éischten offiziellen Optrëtt beim SYVICOL, wann een esou wëll.

Mee, Politik huet si well ëmmer interesséiert. Fréi huet sech déi gebierteg Walferin an hirer neier Heemecht zu Steesel engagéiert. An de Kommissiounen, déi ganz oft d’Sprangbriet sinn iwwert deen d’Leit de Wee an d’Lokalpolitik fannen: Chancëgläichheet, 3. Alter, Jugend… Et gëtt kaum ee Beräich, deen déi geléiert Kinesitherapeutin, déi hir Studien zu Bréissel op der ULB gemaach huet, ausgelooss huet. Schonn deemools war si engagéiert. Am CELB der Studentevereenegung vun de Lëtzebuerger an der belscher Haaptstad.

„Ech hunn dat iergendwéi ëmmer am Blutt gehat an d’Politik krut ech mat an d’Wéi geluecht“, seet si. Hire Papp war an der Zäit Schäffen zu Walfer,do wou si dunn och laang Volleyball gespillt huet. Sport ass eppes, wat si och haut nach reegelméisseg mécht, lafe goen, schwammen a Vëlofueren.

Um Gemengeplang ass hir d’Erhale vun der Liewensqualitéit ganz wichteg. An d‘Zesummeliewen an d’Integratioun vun de Lëtzebuerger an den Net-Lëtzebuerger. E wichtege Facteur, fënnt si, ass do de Logement. Do missten endlech d’Hiewelen ugesat ginn. D’Realitéit um Immobiliëmaart schwätzt allerdéngs nach eng aner Sprooch, mee villäicht ass de Pacte logement 2.0 an deem d‘Gemengen net nëmme ganz staark agebonne sinn, mee och an d’Verantwortung geholl ginn, jo de richtege Wee. Haut an der Sëtzung vum Comité huet si op alle Fall dem SYVICOL säin Avis dozou mat ugeholl.

Wat si nach leidenschaftlech gär mécht an hirer Fräizäit ass Molen a Liesen. Gutt informéiert ze sinn ass fir si genausou wichteg wéi sech kënschtleresch auszedrécken. Figurativ-abstrakt beschreift si hire Stil. Dat awer just an der Molerei. Well an hirem politeschen Engagement wëll d’Marie-Paule Engel-Lenertz d’Problemer a Projete mat konkrete Léisungen ugoen. Eng Politik fir unzepaken. Dofir trëtt si an. Dat elo och am Comité vum SYVICOL, wou si de Fréd Ternes ersetzt an an Zukunft d’Gemenge Conter, Luerenzweiler, Niederanven, Sandweiler, Schëtter, Steesel a Walfer vertrëtt.


Photo:  © SYVICOL/Laurent Graaff

Publié le : 21.09.2020

Matières