Matières

Den neie Comitésmember Jean-Paul Schaaf: „De Gemengen an der Chamber nach méi eng grouss Stëmm ginn“

Seng politesch Karriär huet den 1. Januar 1994 am Gemengerot zu Ettelbréck ugefaangen. Buergermeeschter gouf de Jean-Paul Schaaf dunn 2003. Zënter kuerzem ass hien och nees um Krautmaart aktiv. Nei ass awer säin Engagement am SYVICOL.

„Ech war ëmmer un de Reegele vun eisem Mateneen interesséiert”, esou de Jean-Paul Schaaf op d’Fro, firwat hien sech politesch engagéiert huet. Am Joer 1993 hunn déi Responsabel vun der CSV-Sektioun an der Patton-Stad hie gefrot fir mat an d’Gemengewalen ze goen. Et wär eng spannend Erausfuerderung gewiescht, déi mat engem Direktmandat belount gouf, seet hie réckbléckend. Deemools hat de Jean-Paul Schaaf, den de 4. Dezember 1965 op d’Welt koum, 27 Joer. Hien war laang Jore bei de Scouten aktiv an ass vu Formatioun diploméierten Assistant social. Geschafft huet hien ufanks bei der Ligue Médico-sociale an duerno beim MENJE am Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS).

„Eppes ëmsetzen, wat een Afloss op d’Liewensbedingunge vun de Leit huet, dat ass eng flott Aufgab. Vun der Gestaltung vum ëffentleche Raum iwwert Neibaute bis zur Reglementatioun an allen Beräicher, ass Gemengepolitik uspréchs- a verantwortungsvoll.” De Wee zum Buergermeeschter – eng Funktioun, déi hien zënter dem 22. Mee 2003 ausfëllt – an domadder och den an déi national Politik huet sech mat de Joren esou erginn. Deputéierten gouf de Jean-Paul Schaaf no de Walen am Joer 2004 an war bis 2013 an der Chamber.

A wéi koum et, datt hien sech elo beim SYVICOL engagéiert huet an do den André Schmit, de fréiere Buergermeeschter a Conseiller vu Schieren, am Comité ersetzt? „Déi national Gesetzgebung huet en direkten Afloss op eis Gemengen. D’Gemenge setze Regierungspolitik ëm.” Him ass et wichteg, d’Bréck ze maachen tëschent der Aarbecht an der Chamber an der am SYVICOL. „Well ech elo an der Chamber nogeréckelt sinn, ass de Zäitpunkt ideal fir als Buergermeeschter kënnen un den Avise vum SYVICOL matzeschaffen an als Deputéierten de Gemengen an der Chamber nach méi eng grouss Stëmm ze ginn.” Nieft senger Heemechtsgemeng vertrëtt hien am Gemengesyndikat Biissen, Colmer-Bierg, Feelen, Mäerzeg a Schieren.

„De Wuesstem, deen net onendlech op eisem Terrain ka sinn, verlaangt, datt mir eise Gesellschaftsmodell nei denken”, esou den neie Comitésmember. Verkéier, Ëmwelt, Bauen, Zouwanderung a sozial Sécherheet si fir hien alles Themen, déi mam Bléck vun der Nohaltegkeet hannerfrot musse ginn. Well un dësem Themekomplex hänkt de wichtege Sujet vun der Landesplanung. An vun der Roll déi d’Gemenge fir sech selwer gesinn. De Jean-Paul Schaaf gëtt méi konkret: „A ville PAG’en wënschen d’Gemengen sech ee moderate Wuesstem vun 1,5 bis 2,5% pro Joer. Eise Sozialsystem erfuerdert awer mindestens 3% fir dauerhaft kenne finanzéiert ze ginn”, seet de Jean-Paul Schaaf, den sech zu Ettelbréck oft mam Vëlo deplacéiert. Wanderen a Schi fueren zielen zu sengen Hobbyen.

Do sinn awer nach e puer Saachen, déi him um Häerz leien: A sengen Ae muss d’Gemengefinanzéierung reforméiert ginn, well se Ongläichgewichter mat sech bréngt an dem Zil vu gläicher Service-Qualitéit fir all d‘Bierger net gerecht gëtt. Mee dëst wär elo eng politesch Ausso, an de SYVICOL ass net d’Platz fir Parteipolitik ze maachen. Sollt de Gemengesyndikat dat awer och esou gesinn, géing hien dat ënnerstëtzen, sou de Jean-Paul Schaaf, Papp vun dräi erwuessene Kanner, ofschléissend, den haut um 9. November u senger éischter Comitéssëtzung deelgeholl huet.


Photo: ©Ville d'Ettelbruck

Publié le : 09.11.2020

Matières