Matières

1951 & 1986: Den duebelen Anniversaire vum SYVICOL an e Réckbléck op 70 Joer Gemenge-Vertriedung um nationalen a regionale Plang

De „Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises“ (SYVICOL) feiert dëst Joer säi 35. Anniversaire, an de „Conseil des Communes et Régions d’Europe“ (CCRE), deem seng lëtzebuergesch Sektioun de Virleefer vum haitegen Daachverband vun de Gemengen ass, feiert 70 Joer. Déi zwee entscheedend Datumer an deem Kontext sinn den 28. Januar 1951 an den 29. November 1986.

De SYVICOL hëlt dësen duebelen Anniversaire ab muer 26. Januar als Ulass fir am Kader vun enger Online-Campagne zeréckzekucken op dat wat an de leschte 7 Joerzéngten an éischter Linn hei zu Lëtzebuerg um kommunalen, lokalen a regionale Plang geschitt ass.

An den nächste Wochen a Méint publizéiert de SYVICOL reegelméisseg kleng Artikelen, gréisser Beiträg, Portraiten an Interviewe vu markante Perséinlechkeeten aus der lëtzebuerger Kommunalpolitik, interessant Zäitdokumenter a Fotoen, a léist domadder déi laang Zäitspan Revue passéieren.

Rendez-vous op der Homepage www.syvicol.lu an op der Facebook-Säit vum SYVICOL !

Publié le : 25.01.2021

Matières