Matières

Dem SYVICOL säin duebelen Anniversaire a 70 Joër Gemenge-Vertriedung Revue passéieren loossen

De „Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises“ (SYVICOL) feiert dëst Joer säi 35. Anniversaire, an de „Conseil des Communes et Régions d’Europe“ (CCRE), deem seng lëtzebuergesch Sektioun de Virleefer vum haitegen Daachverband vun de Gemengen ass, feiert säi 70. Gebuertsdag. Déi zwee entscheedend Datumer an deem Kontext sinn den 28. Januar 1951 an den 29. November 1986.

De SYVICOL hëlt dësen duebelen Anniversaire als Ulass fir am Kader vun enger Online-Campagne zeréckzekucken op dat wat an de leschte 7 Joerzéngten an éischter Linn hei zu Lëtzebuerg um kommunalen, lokalen a regionale Plang geschitt ass.

An den nächste Wochen a Méint publizéiert de SYVICOL op senger Homepage www.syvicol.lu an op sengem Facebook-Account reegelméisseg kleng Artikelen, gréisser Beiträg, Portraiten an Interviewe vu markante Perséinlechkeeten aus der Lëtzebuerger Kommunalpolitik, interessant Zäitdokumenter a Fotoen, a léisst domadder déi laang Zäitspan Revue passéieren.

Et war e laange Wee vum „Conseil des Communes d’Europe“ (CCE) senger lokaler Sektioun, mat der Zwëschenetapp vun der „Associatioun des Villes et Communes Luxembourgeoises“ (AVCL), déi an de Joren 1962-1963 gegrënnt gouf, bis hin zum SYVICOL.

Dës Online-Campagne, déi bis Enn November geet, ass déi éischt Etapp an dësem Joer vum duebelen Anniversaire. Richteg gefeiert, wéi et sech bei esou engem Ulass gehéiert, gëtt awer och: Samschdes, de 27. November 2021. Reservéiert Iech den Datum!
 

Publié le : 26.01.2021

Matières