Matières

1951 – 1986 – 2021: Vum Conseil des Communes d’Europe bis zum SYVICOL vun haut

  • 1950: Am Nokrichs-Europa gëtt iwwert d’Schafe vum engem sougenannte Conseil des Communes d’Europe (CCE) nogeduecht.
     
  • 1951: Den 28. Januar 1951 gëtt zu Genf de Conseil des Communes d’Europe (CCE), den haitege Conseil des Communes et Régions d’Europe (CCRE), gegrënnt. Lëtzebuerg ass mat derbäi, wéi de Grondstee fir Europa um kommunalen a regionale Plang geluecht gëtt. Am Mëttelpunkt steet d’Autonomie vun de Gemengen.
     
  • 1953: Den 18. Oktober gëtt zu Versailles am Kader vun den 1. Etats Généraux des Communes d‘Europe dem CCE seng “Charte Européenne des Libertés Communales” proklaméiert. Entretemps hu sech europawäit dausende Gemengen dem CCE ugeschloss. National Sektiounen a Gemengen-Associatioune forméiere sech.
     
  • 1954: Hei am Land entsteet d’Section Luxembourgeoise vum Conseil des Communes d’Europe. Groussen Undeel dorunner hat den Hubert Clément, deen eng dreiwend Kraaft an ee vun de Pionéier war.
     
  • 1962: Op der Generalversammlung vun der Section Luxembourgoise vum CCE den 30. August 1962, gouf d’Association des Villes et des Communes Luxembourgeoises – Section Luxembourgeoise du Conseil des Communes d’Europe (AVCL) a Form vun enger Asbl gegrënnt. Vun do u réckelen déi national Aktivitéite méi a méi an de Fokus.
     
  • 1963: Am Mémorial N°68 vum 10. August 1963 ginn d’Statute vun der Association des Villes et des Communes Luxembourgeoises – Section Luxembourgeoise du Conseil des Communes d’Europe publizéiert.
     
  • 1985: An der Sëtzung vum 28. Januar huet de President Henry Cravatte de Projet vum Syndicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d’intérêts communaux généraux et communs (SYVICOL) virgestallt. De Verwaltungsrot huet gréng Luucht ginn. D’Gemenge ginn informéiert a gefrot, ob si sech géinge ralliéieren. D’Schafe vum SYVICOL ass den Haaptsujet op der Generalversammlung de 25. Juni 1985. 96 vun den 118 Gemenge schwätzen sech an enger éischter Phase derfir aus.
     
  • 1986: Duerch den Arrêté grand-ducal vum 29. November gëtt de Syndicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d’intérêts communaux généraux et communs (SYVICOL) Realitéit. 111 vun 118 Gemenge sinn entretemps Member. Den alen an neie President Henry Cravatte kommentéiert : „Il y a lieu de se féliciter et de remercier les 111 communes fondatrices du syndicat de l’accueil qu’elles avaient réservé à l’initiative du CA de l’Association des Villes et Communes Luxembourgeoises“.
  • 2006: Mam Arrêté grand-ducal vum 10. Juli 2006, trëtt d’Statutereform vum Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises (SYVICOL) a Kraaft. De Jean-Pierre Klein, deemools President, erënnert sech: „Et goung an éischter Linn dorëms, eng besser Opdeelung ze kréien, oder aneschters formuléiert, eng besser Representativitéit.“
     
  • 2021: Haut steet de SYVICOL nees viru Verännerungen. Am Juli 2020 gouf e Sondage bei deenen 1.120 Eluse gemaach. Et geet em déi zukünfteg Orientéierung vum SYVICOL. D’Haaptrevendicatioune vum SYVICOL sinn a bleiwen awer déi selwecht. Mat der Circulaire vum 21. Juni 2019 vum Premierminister ginn zwar d‘Ministèren dozou opgeruff, de SYVICOL bei all Projet de loi an all Reglementsprojet d’Gemenge betreffend, ze sollicitéieren, mee de Gemengesyndikat plädéiert weiderhi fir eng obligatoresch Consultatioun op gesetzlecher Basis.


Foto: © Archives du SYVICOL / Montage

Publié le : 27.01.2021

Matières