Matières

Vum Hubert Clément iwwer den Henry Cravatte bis zum Emile Eicher: 9 Schlësselfiguren am Iwwerbléck

1951 – 1953: Hubert Clément. Als Generalsekretär ass de fréieren Escher Buergermeeschter an LSAP-Deputéierten als dreiwend Kraaft bis zu sengem Doud entscheedend um Opbau vun der Lëtzebuerger Sektioun vum Conseil des Communes d’Europe bedeelegt.

1953 – 1963: Antoine Krier. Den Escher Buergermeeschter an LSAP-Deputéierten assuréiert nom Doud vum Clément d’Presidence vun der Lëtzebuerger Sektioun vum Conseil des Communes d’Europe.

1963 – 1964: Henry Cravatte. No der Grënnung vun der Association des Villes et Communes Luxembourgeoises (AVCL) am Joer 1963 gëtt de Buergermeeschter vun Dikrech an LSAP-Deputéierten der Asbl. hiren éischte President. Säi Mandat ass just vu kuerzer Dauer, well hien no de Chamberwalen de 15. Juli 1964 Vizepresident vun der Regierung, Inneminister a Sportminister gëtt.

1964 – 1970: Jos Wohlfart. Nodeem den Henry Cravatte zu Regierungséiere koum ass, iwwerhëlt mam Jos Wohlfart, den Deputé-maire (LSAP) vu Luerenzweiler, d’Presidence vum AVCL.

1970 – 1990: Henry Cravatte. Op der Generalversammlung am Mäerz 1970 zu Nidderkäerjeng gëtt den Henry Cravatte mat grousser Majoritéit éischt Gewielten a feiert säi Comeback als President vum AVCL. Ënner sengem Impuls entsteet 1986 de Syndicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d’intérêts communaux généraux et communs (SYVICOL), vun deem den Henry Cravatte bis zu sengem Doud de 4. November 1990 den éischte President bleift. Vun 1959 bis 1984 war de Cravatte och President vum CCE, dem haitege CCRE.

1990 – 1994: Léon Bollendorff. Nom Doud vum Henry Cravatte iwwerhëlt de Léon Bollendorff, Vizepresident vum SYVICOL an CSV-Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, d’Rudder am Gemengesyndikat.

1994 – 2000: Norbert Konter. Den CSV-Deputéierten a laangjärege Buergermeeschter vu Gréiwemaacher Norbert Konter gëtt nom Léon Bollendorff neie President vum SYVICOL.

2000 – 2009: Jean-Pierre Klein. Den Deputé-maire vu Steesel, deemools Generalsekretär am SYVICOL, iwwerhëlt d’Successioun vum Norbert Konter. Ënnert senger Presidence kënnt et am Joer 2006 zu enger Statutenännerung, déi bis haut a Kraaft ass.

2009 – 2012: Dan Kersch. An der Hallschent vum Jean-Pierre Klein sengem Mandat, méi genau de 14. September 2009, iwwerhëlt de Vizepresident Dan Kersch, deemools Buergermeeschter vu Monnerech, d’Presidence vum SYVICOL.

2012 bis haut: Emile Eicher. Ab dem 7. Mee 2012 steet den Emile Eicher, Deputé-maire vu Clierf, un der Spëtzt vum SYVICOL. Den Emile Eicher kuckt op eng laang Karriär am SYVICOL zeréck. Ënnert dem Dan Kersch war hien 1. Vizepresident, an alles an allem ass hien säit 1998 am Gemengesyndikat aktiv.


Photo: © 2021 Luxemburger Wort - Guy Jallay - Licence Luxorr (www.luxorr.lu) /© 2021 Luxemburger Wort - Le Sibenaler- Licence Luxorr (www.luxorr.lu)  / Archives de la Ville d’Esch-sur-Alzette / Archives du SYVICOL (Montage)

Publié le : 01.02.2021

Matières