Matières

5. Editioun vum GRESIL ënnert dem Thema « Digital Kommunikatioun am Déngscht vun der Gemeng an de Bierger »

E Mëttwoch, de 27. Januar, zwëschen 11.30 a 14.00, huet di 5. Editioun vum GRESIL (Groupe d’échange et de soutien en matière d’intégration au niveau local) stattfonnt.

Net manner wéi 54 Gemengen, 6 Ministèren an iwwert eng dosen Associatiounen hunn un der 1. virtueller Versioun vum GRESIL deelgeholl.

No de Begréissungsriede vun der Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun a d’Groussregioun Carinne Cahen an dem President vum SYVICOL Emile Eicher, deen ervirgehuewen huet wéi wichteg et ass och an dësen Zäiten de Kontakt mat de Gemengen an de Bierger net ofräissen ze loossen, an hien all déi flott Tools an Initiativë vun de Gemengen am digitale Beräich gelueft huet, sinn am Ganzen 8 Projete ronderëm d’digital Kommunikatioun virgestallt ginn. Dës waren :
 

  • D’Departement vun den eelere Leit vum Ministère fir Famill an Integratioun a d’Groussregioun – d’sozial Inclusioun vun den eelere Matbierger
  • Den Digitalisatiounsministère – d’digital Inclusioun um Gemengenniveau
  • Digital Inclusion – informateschen Accès fir jiddwereen
  • GoldenMe a BiBss Esch – d’digital Inclusioun vun den eelere Matbierger
  • D’Asti – d’Virdeeler vun enger NoperschaftsApp
  • D’Asti – digital Sproochecoursen
  • D’Gemeng Hesper – Projet REEBOU
  • De Ministère fir Famill an Integratioun a d’Groussregioun – 1. digital Journée d’orientation (CAI)

All d’Presentatioune kënnen och weiderhin nach bis Enn Februar ënnert dësem Link gekuckt ginn : https://app.boothted.com/mfi-public-lu/gresil-5.

Weider Informatioune fannt Dir och um Site vum SYVICOL  an um Helpdesk Integratioun vun der ASTI .

De SYVICOL seet dann och nach eng Kéier all de Presentateuren a Participanten e grousse Merci fir hir Gedold bei den technesche Schwieregkeeten déi wärend dem Event opgetruede sinn, a mir hoffen Iech all fir den nächste GRESIL erëmzegesinn.

Publié le : 05.02.2021

Matières