Matières

Haut viru 46 Joer: Doud vum AVCL-Vizepresident Jos Goedert

Haut viru 46 Joer, de 5. Februar 1975, stierft de Jos Goedert, ee vun den zwee Vizepresidente vun der „Association des Villes et Communes Luxembourgeoises“(AVCL), d’Virgängerassociatioun vum haitege SYVICOL déi bekanntlech 1963 gegrënnt gi war. Hie war ee vun deene Politiker, déi fréi erkannt haten, datt d’Gemengen nëmmen da staark sinn, wann se an engem Daachverband zesummegeschloss sinn, an och nëmmen dann d’Chance hunn eng gewiichteg Roll an der Politik ze spillen. Am Avis de décés heescht et : „M. Joseph Goedert a été dès le début l’un des protagonistes les plus fervents de l’idée d’associer les Communes luxembourgeoises pour défendre leurs intérêts généraux et pour assurer leur collaboration dans les organismes européens des pouvoirs locaux.“

De Jos Goedert war alles anescht wéi en onbeschriwwent Blat an der Lokalpolitik deemools hei zu Lëtzebuerg. Scho virum 2. Weltkrich war hie Buergermeeschter a senger Heemechtsgemeng Groussbus an huet dat Mandat méi wéi 35 Joer laang bekleet. Fir d’CSV ass hien e puer Mol mat an d'Chamberwale gaangen a war och Kantonalpresident. Allsäits beléift, war hien ee Mann, vun dem gesot gouf, datt mat him gutt schaffe ass. Speziell nom Krich huet hien sech verdéngt gemaach, fir den Opbau am Éislek.


Foto: © Archives de la Commune de Grosbous

Publié le : 05.02.2021

Matières