Matières

Méi en direkte Kontakt zu de Gemengen, a besser kommunizéieren an informéieren…

… dat hat sech den deemolege Conseil d’Administration vun der Association des Villes et Communes Luxembourgeoises nach als Aufgabe virum Enn vu sengem Mandat virgeholl. Dofir gëtt Enn Januar, ufanks Februar 1976, den éischte „ Courrier Communal – Bulletin de Liaison des Communes Luxembourgoises “ rausgeschéckt.

Am Avant-propos vum President Henry Cravatte heescht et : „ … il s’agit d’aider les élus locaux à élucider les difficultés et questions qui peuvent se présenter dans la pratique administrative de tous les jours. “ Déi Publikatioun soll awer net nëmmen eesäiteg sinn, am Géigendeel, d’Lokalpolitiker ginn opgeruff fir aktiv ze participéieren a schrëftlech oder per Telefon hire Feedback ze ginn. „Nous donnerons volontiers expression aux libres opinions que d‘aucuns jugent indiquées de mettre en discussion et nous sommes tout prêts à insérer les articles que l’un ou l’autre voudra nous fournir, sous sa signature, sur un sujet susceptible d’intéresser l’administration des communes “.

Déi éischt Editioun vun deem Bulletin den all Trimester sollt erauskommen, huet 34 Säiten. Beim Bléck op de Contenu sprangen engem virun allem den Artikel „La responsabilité pénale des maires“, e Sujet deen och haut erëm ganz aktuell ass, an e Relevé iwwert d’Buergermeeschteren a Schäffe vun deenen deemools nach 126 Gemengen hei am Land, an d’Aen.


Foto: © Archives du SYVICOL

Publié le : 08.02.2021

Matières