Matières

„Ab Gemeinden von 5000 Einwohnern wäre ein hauptamtlicher Bürgermeister angebracht.“ (Jean-Pierre Klein, 2007)

Vun 2000 bis 2009 war de Jean-Pierre Klein President vum SYVICOL. Hien huet an där Zäit méi wéi een Interview ginn an de Fanger an d’Wonn geluecht, wa bei de Gemengen de Schong gedréckt huet. An dësem Tageblatt-Interview vum 14. Februar 2007, kuerz nodeem hien als President confirméiert gi war, war dat net anescht. Et fält op, wéivill vun deenen Themen nach ëmmer aktuell sinn.

Beim Thema Fusioune schwätzt de Jempi Klein eng däitlech Sprooch: „Wir brauchen starke Gemeinden. Ich betone aber auch dass bei den Fusionen behutsam vorgegangen werden soll. (…) Die Gemeinden brauchen eine Vorgabe oder Richtlinie, die von der Regierung ausgearbeitet werden soll.“ Wat déi ëmmer méi grouss Ufuerderunge betrëfft, déi op d’Buergermeeschteren zoukommen, schwätzt de Jean-Pierre Klein och Kloertext: „Der aktuelle Congé politique ist den jetzigen Anforderungen nicht mehr angepasst.“

Och beim Sujet haaptamtleche Buergermeeschter gëtt et eng kloer Äntwert: „Ab Gemeinden von 5000 Einwohnern wäre ein hauptamtlicher Bürgermeister angebracht“, sou de Jean-Pierre Klein onmëssverständlech.

A wat d’Gemengefinanze betrëfft, fuerdert den deemolege SYVICOL-President „eine bessere Subsidienpolitik und mehr Transparenz bei den staatlichen Zuwendungen.“ Dat ass och eng Fuerderung, déi de SYVICOL nach virun e puer Méint am Kader vun enger Entrevue mat der Regierung esou formuléiert huet.

An a Saache Wunnengsbau seet de Jempi Klein, datt de SYVICOL de Gemenge réit, de Pacte Logement z’ënnerschreiwen. De Pacte Logement 1.0 wuel bemierkt. Entretemps huet de SYVICOL och de Pacte Logement 2.0, bis op e puer Verbesserungsvirschléi, positiv aviséiert.


Foto: © 2021 Luxemburger Wort - Guy Jallay - Licence Luxorr (www.luxorr.lu)

Publié le : 14.02.2021

Matières