Matières

De SYVICOL sicht ee „Secrétaire-trésorier“

Nodeem d’Marie-Josée Glodt 26 Joer laang zoustänneg war fir d’Administratioun vum AVCL an duerno fir déi vum SYVICOL, geet si den 1. Juni 1991 an d’Pensioun. Doropshi schreift de SYVICOL hir Plaz nei aus. An deene 4 Dageszeitunge gëtt de 14. Februar 1991 an dem Kontext eng Annonce placéiert. D’Kandidaten hu bis den 28. Februar Zäit hir Dossieren eranzereechen. Gesicht gëtt eng Persoun mat mindestens sechs Joer Erfarung am kommunale Secteur. Enner dräi Kandidate mécht den Alphonse Cruchten d’Rennen. Hie kann effektiv op eng laang Karriär zeréckkucken, war hien dach vun 1967-1991 Gemengesekretär zu Dippech. Op dëser Foto vu Mëtt den 90er Joren ass hie ganz riets ze gesinn. Déi aner 3 Leit (v.l.n.r.) sinn: Willy Bourg, Comitésmember a Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, Germaine Offermann, déi 26 Joer als Employée communale am SYVICOL geschafft huet, Joseph Thill, Comitésmember a Buergermeeschter vu Bascharage.

Wärend 13 Joer steet de Alphonse Cruchten am Déngscht vum SYVICOL. „Et ware spannend Zäiten deemools. Déi Aarbecht war eng grouss Erausfuerderung fir mech, awer och eng immens Erfëllung. Engersäits konnt ech mäin ganzt Wëssen, wat ech bis dohinner gesammelt hat abréngen, an anerersäits hunn ech vill bäigeléiert“, esou de Alphonse Cruchten haut réckbléckend. Hien huet an der Zäit mam Léon Bollendorf an dem Norbert Konter zwee Presidente kommen a goe gesinn.

Ënnert dem President Jean-Pierre Klein ass hien du selwer gaangen, nämlech an d’wuelverdéngte Pensioun. An engem Artikel am Lëtzebuerger Journal iwwert seng Abschiedsfeier heescht et : „In diesen 13 Jahren hat er eine maßgebende Rolle bei der kontinuierlichen Entwicklung des Syndikates eingenommen, immer als Förderer der Gemeindeinteressen. Von besonderer Bedeutung war dabei auch seine Funktion als Mittler zwischen staatlichen und kommunalen Verwaltungsangelegenheiten.“

Deem ass am Fong näischt bäizefügen, ausser nach dat hei: den Alphonse Cruchten schéngt säin Engagement fir d’Gemenge un seng Kanner weiderginn ze hunn.


Foto: © Archives du SYVICOL

Publié le : 16.02.2021

Matières