Matières

50 km/h an den Uertschaften: d‘Vitesslimitatioun aus dem Joer 1992 an dem SYVICOL seng Roll an deem Kontext

D’Joer 1992 war ee wichtegt Joer hei zu Lëtzebuerg fir d’Verkéierssécherheet, well ab dem 1. Juli eng Limitatioun vun der Vitesse innerhalb vun den Uertschaften agefouert gouf. Unhand vun enger ministerieller Circulaire vum 17. Februar 1992 sinn d’Gemengen iwwer déi nei Modalitéiten informéiert ginn. Allerdéngs goufen et eng Rei Onkloerheete wat d’Ëmsetzung um Gemengenniveau ugeet.

Kuerz duerno hat de SYVICOL, vertrueden duerch de President Léon Bollendorff an de Generalsekretär Carlo Meintz, eng Entrevue mat de Responsabelen aus dem Transportministère, dem Inneministère an der Ponts & Chaussées. D’Ursaach leit op der Hand: Wéi eng Roll spillen d’Gemenge bei der Aféierung vun der 50 km/h-Limitatioun a wat ass konkret hir Missioun? Virun allem wann ee bedenkt datt Gemengereglementer, déi contraire zu den neien Dispositioune sinn, d’office abrogéiert ginn.

Konkret heescht dat datt d’Gemengen op der esou genannter „Voirie communale“ ugehale sinn, d’Beschëlderung an Eegeregie auszetauschen. D’Gemenge ware responsabel fir den „enlèvement de tout marquage et de toute signalisation apposée à l’intérieur des localités, si les marques et les signaux s’avèrent contraires aux nouveaux principes réglementaires?, wéi et am Bulletin communal heescht.

Datt dat mat ganz vill Aarbecht verbonne war, kann ee sech onschwéier virstellen. Aus dem Grond gouf an der Reunioun festgehalen, dat um Stéchdatum vum 1. Juli nëmmen déi Schëlder a Markéierungen déi „contraires aux nouveaux principes réglementaires? sinn ewech geholl musse ginn, an net wéi am Ufank virgesinn all déi nei Schëlder iwwerall mussen en place sinn. De SYVICOL kann och erreechen, datt d’Administratioun vun de Ponts & Chaussées de Gemenge mat Rot an Dot zur Säit stoung, wann et Problemer gëtt.


Foto: © SYVICOL/Laurent Graaff

Publié le : 17.02.2021

Matières