Matières

D’Gemengen, d’AVCL an d’Joer vum Kand

A senger éischter Sëtzung 1979 hat de Verwaltungsrot vun der AVCL d’Gemengen dozou opgeruff, am Kader vum Joer vum Kand aktiv ze ginn. An enger Circulaire heescht et: „Die Gemeinden sollten im Laufe des Jahres 1979 Initiativen entwickeln, die ihre Bereitschaft unterstreichen, zum Wohlbefinden der Kinder, innerhalb des Miteinanderlebens in der lokalen Gemeinschaft beizutragen. Um diesem großzügigen Unterfangen den notwendigen Erfolg zu sichern, werden die Gemeindeverwaltungen gebeten, sich an einer Aktion, die ihr Verband ihnen vorschlägt zu beteiligen. Es ist dies die Schaffung eines oder mehrerer Spielplätze in jeder Gemeinde.“ An deem Kontext huet d’AVCL och per Ëmfro eng Bestandsopnam gemaach fir sech en Iwwerbléck iwwert d’Unzuel vun de Spillplazen an de Gemengen ze maachen.

D’Aktioun sollt en immense Succès ginn: Insgesamt 119 vun 126 Gemengen hunn sech dru bedeelegt an am Laf vum Joer eng oder méi Spillplazen opgeriicht oder eppes an dem Sënn an d’Weeër geleet. Bemierkenswäert ass dobäi virun allem, datt vill kleng Gemenge bis 2.500 Awunner op d‘Initiativ vum AVCL reagéiert hunn. Et gëtt och e Montant genannt, den engagéiert gouf: E bësse méi wéi 50 Millioune Lëtzebuerger Frang !


Foto: © Luxembourg – Belle Capitale d’un beau Pays. Tony Krier

Publié le : 24.02.2021

Matières