Matières

De SYVICOL geet um Mouvéco seng Kritik, datt et net weider geet um Gemengenniveau, an …

… Stëllstand speziell um Gebitt vun de consultative Kommissiounen, dem Kartographéiere vun de Biotopen an dem Astelle vun Ëmweltberoder an de grousse Gemengen. De Mouvéco a säin deemolege President Théid Faber (Foto) ass och der Meenung, datt et net just duergeet mat der Diffusioun vun der „Agenda 21“ un d´Gemengen, engem Aktiounsplang fir territorial Kollektivitéiten (Regiounen, Departementer, Gemengen), den 1992 zu Rio de Janeiro bei der UN-Konferenz iwwer Ëmwelt an Entwécklung vun 182 Staats-a Regierungscheffenënnerschriwwe ginn ass. Et misst virun allem e Suivi gemaach ginn, heescht et weider.

Esou oder esou änlech kann een d‘Haaptkritikpunkte vun der Ëmweltgewerkschaft am Kader vun enger Reunioun mam Bureau vum SYVICOL, vertrueden duerch de President Norbert Konter an de Generalsekretär Jean-Pierre Klein den 28. Februar 1997 resuméieren. Am Rapport heescht et „la délégation, conduite par son président M. Théid Faber, estime qu’au niveau communal une certaine stagnation est à observer en liaison avec les questions environnementales.“

Dat wollten déi Responsabel vum SYVICOL net op hire Membere sëtze loossen. E puer Woche méi spéit kann een an engem Rapport vum Comité liesen, datt no enger Reunioun mam Ëmweltminister, zesumme mam SYVICOL en Aarbechtsgrupp op d’Bee gestallt ginn ass, deen um Gemengenniveau net nëmmen de Suivi soll maachen, mee unhand vun engem Sondage eng Bestandsopnam en vue vun derËmsetzung vun dem besoten Aktiounsplang.


Foto: © Archives privées Théid Faber

Publié le : 28.02.2021

Matières