Matières

Ab dem 8. Mäerz: Online-Ateliere mat de Gemengepolitiker iwwer déi zukünfteg Orientéierung vum SYVICOL

Ab dem 8. Mäerz organiséiert de SYVICOL insgesamt 5 regional Online-Atelieren. Et geet an deem Kader dorëms, déi richteg Pisten ze fannen, fir datt de SYVICOL an Zukunft nach besser op d’Besoinë vum Gemengesecteur kann agoen.

Wéinst der aktueller Pandemie fannen déi 5 interaktiv Ateliere mat Hëllef vun enger Zoom-Konferenz statt.

D’Datumer sinn den 8., 15., 20., 22. a 27. Mäerz.

Déi eenzel Atelieren dauere gutt zwou Stonnen. D’Sujeten, déi de SYVICOL zesumme mat de Gemengepolitiker diskutéiere wëll, sinn:
 

  • D’Kommunikatioun vum Syndikat mat de Gemengen
     
  • De Besoin u Formatioun fir d’Gemengepolitiker
     
  • D’Missioune vum SYVICOL
     
  • D’Fonctionnement vum SYVICOL

Weider Informatiounen iwwer déi 5 Ateliere ginn et op dëser Säit.

D’Aschreiwen an ee vun de 5 Ateliere geet ganz einfach iwwer dëse Formulaire.

De SYVICOL freet sech op interessant Echangë mat Iech!

Publié le : 03.03.2021

Matières