Matières

Am Kader vum neie Gemengegesetz: De SYVICOL geet zesumme mam Inneminister op den Terrain

1988 war e ganz wichtegt Joer an der Gemengepolitik hei zu Lëtzebuerg. No laanger Virbereedungszäit trëtt nämlech den 13. Dezember dat neit Gemengegesetz a Kraaft. Dëst neit Gesetz war méi wéi iwwerfälleg, well dat alt huet aus dem Joer 1843, dat heescht aus der Zäit vum Wëllem II, gestaamt. Ënnert der Initiativ vum SYVICOL fannen an dem Kontext ufangs Mäerz an den 3 Distrikter Gréiwemaacher, Dikrech a Lëtzebuerg regional Reuniounen zu Biwer, Ierpeldeng an zu Hesper statt. De But ass kloer: Et geet dorëms, de Gemengevertrieder dat zukünftegt Gemengegesetz méi no ze bréngen an natierlech och bei der Basis de Bols ze fillen.

Mat derbäi bei dëse wichtegen Echangë sinn, nieft dem Verwaltungsrot vum SYVICOL mam President Henry Cravatte, d‘Madamm Christiane Loutsch-Jemming an den Här Jean-Mathias Goerens, zwee héich Beamten aus dem Inneministère. Si stellen de Gemengevertrieder no der Introduktioun vum Henry Cravatte (riets op der Foto) d’Neierunge vum Gesetz en Detail vir. Mat derbäi ass awer och den Inneminister Jean Spautz (lénks op der Foto) ), dee sech déi Geleeënheet net huele gelooss hat fir mat op den Terrain ze goen an de Gemengen hirt neit Kadergesetz virzestellen.

Elo am Mäerz 2021 kënnt de SYVICOL och erëm bei Iech an d’Gemeng. Allerdéngs online. Bei de regionale Reuniounen den 8., 15., 20.,22. a 27 Mäerz geet et nom Sondage vum leschte Summer dorëms, zesumme mat den 1.120 Elusen déi zukünfteg Orientéierung vum SYVICOL auszeschaffen, fir datt de Syndikat an Zukunft nach besser op d‘Besoinë vun der Lokalpolitik agoe kann.

Aschreiwe kënnt Dir Iech ënnert: https://www.syvicol.lu/fr/ateliers-regionaux/ateliers-regionaux-presentation


Foto: © Archives du SYVICOL

Publié le : 04.03.2021

Matières