Matières

De SYVICOL plënnert - Eng vun den leschten Comitéssëtzungen op Hausnummer 11, Boulevard Grande-Duchesse Charlotte

D’Generalversammlung zu Mompech preparéieren, d’Aarbechtssëtzung mam Grand-Duc Henri virbereeden, dräi Avisen zu Gesetzesprojeten unhuelen an der Regierung eng Rei Nominatioune proposéieren. Dat war de gutt gefëllten Ordre du Jour vun der Comitéssëtzung vum SYVICOL de 4. Mäerz 2002, déi wéi gewinnt am Siège op 11, Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Stad stattfonnt huet.

Et sollt eng vun de leschte Sëtzungen op dëser Adress sinn, well e puer Méint méi spéit ass de SYVICOL op 3, rue Guido Oppenheim zu Märel, direkt beim Geesseknäppchen, ze fannen. Do, wou en haut och ëmmer nach ass.

Déi al Raimlechkeeten an der Residence „Fort Rheinsheim“ ware just 77 Quadratmeter grouss a längst un hir Limitte komm. D’Acquisitioun vum neie Siège ass Enn Dezember 2002 finaliséiert ginn. Käschtepunkt deemools fir eng Surface vun 240 Quadratmeter: ronn 545.000 Euro. Et gëtt unanime decidéiert den alen Objet ze verkafen. De Verkafspräis war bei ronn 225.000 Euro. Mëtt de 60er Joren hat d’AVCL ronn 1.800.000 Frang duerfir bezuelt.

Den éischte Siège an deem  d‘Lëtzebuerger Sektioun vum Conseil des Communes d’Europe, dem Virleefer vun der AVCL an dem SYVICOL, ënnerbruecht war, war laang Joren op 11 A, Boulevard Prince Henri. Do hat d’Sektioun ee klengt Appartement gelount. Ënnert der CCE-Presidence vum Emile Hamilius a vum Henry Cravatte war 1956 de Siège vum CCE op Lëtzebuerg transferéiert ginn.

Op der leschter „offizieller“ Foto aus dem Sëtzungssall op 11, Boulevard Grande-Duchesse Charlotte, déi de 4. Mäerz 2002 gemaach gëtt, sëtze vu lénks no riets folgend Membere vum Comité zesummen: Paul-Henri Meyers (Member), Romain Schneider (Member), Jean Schockmel (Member), Pierre Wies (Vizepresident), Alphonse Cruchten (Sekretär), Jean-Pierre Klein (President), Francine Ernster (Vizepresident), Lucien Majerus (Caissier), Emile Eicher (Member), Norbert Haupert (Member) an Irma Krippes-Dahm. Op der Foto feelen: Jean-Marie Halsdorf (Generalsekretär) an d’Memberen Mars Di Bartolomeo, Lucien Lux a Gust Stefanetti.


Foto: © Archives du SYVICOL / Guy Jallay (Luxemburger Wort)

Publié le : 05.03.2021

Matières