Matières

Den CCE a säi Finanzéierungsmodell iwwert Cotisatioune vun de Member-Gemengen

Nom Grondsteen den 28. Januar 1951 gëtt e puer Woche méi spéit och de Finanzéierungsmodell vum Conseil des Communes d’Europe (CCE) festgeluecht. An engem Bréif un den Hubert Clément, de Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Sektioun, huet de CCE-Präsident Fernand Cottier de Member-Länner d’Héicht vun der Cotisatioun matgedeelt.

Fir déi Lëtzebuerger Gemenge bedeit datt Folgendes:

Gemenge bis 500 Awunner: 50 Frang

Gemenge vu 500 bis 2.000 Awunner: 100 Frang

Gemenge vu 2.000 bis 5.000 Awunner: 250 Frang

Gemenge vu 5.000 bis 10.000 Awunner: 400 Frang

Fir déi méi grouss Gemenge musse pro Tranche vun 10.000 Awunner 300 Frang bezuelt ginn.

De Beitragsmodell ass fir d’Gemengen an der Belsch de selwechte wéi zu Lëtzebuerg. Am mannsten déif mussen Dänemark an Holland an d’Täsch gräifen. Am deierste kënnt d’Memberschaft am CCE d‘ Gemengen aus der Schwäiz ze stoen. Et gëtt an dem Schreiwes un den Hubert Clément awer och recommandéiert, „à côté de la perception de cotisations ordinaires, de rechercher les subventions des organisations des maires, de communes, voire de gouvernements ou d’organisme privés?. Finanziell Ënnerstëtzung aus dem Privatsecteur ass deemno wëllkomm.

De besote Finanzéierungsmodell gëtt emol provisoresch festgehalen, wéi weider am Schreiwes steet : „L’échelle des contributions n’ayant d’une part été établie que très sommairement par le Bureau selon les propositions faites par la Commission de finances, étant d’autre part destinée à être revisée pour la prochaine année, la possibilité de changements de détail, selon la situation prévalente dans les divers pays, reste acquise.?

Bis Enn 1951 sinn zu Lëtzebuerg 32 Gemengen dem CCE bäigetrueden, dorënner och d’Stad an Esch-Uelzecht, mee och Gemenge wéi Miersch, Rëmeleng, Kënzeg a Waldbëlleg. Déi Lëtzebuerger Sektioun ass am gaangen ze wuessen. Dat och duerch d‘Ennerstëtzung vun den Distriktskommissären, déi „hiren“ Gemenge recommandéiert hunn, sech z'affiliéieren.

Wat méi wéi iwwerschaubar ugefaangenen huet, ass am Laf vun der Zäit eng grouss Organisatioun ginn. Haut regroupéiert de Conseil des Communes et Régions d’Europe (CCRE), den 1984 aus dem Conseil des Communes d’Europe (CCE) entstanen ass, eng 130.000 Gemengen a Regiounen opgedeelt a 60 Associatiounen an den 41 vun de 47 Memberlänner aus dem Conseil d’Europe. An eng vun de 60 Associatiounen ass de SYVICOL, den all Joers d’Cotisatioun fir eis 102 Gemengen iwwerweist.


Foto: © Archives du SYVICOL (Montage)

Publié le : 09.03.2021

Matières