Matières

Optakt vun de regionalen Online-Ateliere vum SYVICOL

Zesumme mat senge Memberen denkt de SYVICOL am Moment driwwer no, a wéi eng Richtung de Gemengesyndikat sech soll entwéckelen. An dem Kontext huet den 8. Mäerz den 1. vu insgesamt 5 regionalen Online-Ateliere stattfonnt. Ronn 30 Vertrieder aus der Gemengepolitik ware bei deenen 3 Workshoppe e Méinden den Owend mat derbäi. Zesumme gouf monter diskutéiert an et koumen eng ganz Rei interessant Pisten a Virschléi op den Dësch.

D’Participatioun ass an dem Zesummenhang e ganz wichtegt Stéchwuert, well et geet dorëm gemeinsam mat de Lokalpolitiker erauszefannen, wéi eng Orientéierung de SYVICOL an de nächste Jore soll huele fir an Zukunft nach besser op d’Besoine vun de Gemenge kënnen anzegoen. Well d’Ufuerderungen un de Gemengesecteur gi vun Dag zu Dag méi grouss a méi komplex.

Déi nächst regional Online-Ateliere fannen de 15., 20., 22. a 27. Mäerz statt. Si dauere jeeweils gutt zwou Stonnen. D’Themeberäicher, déi de SYVICOL, deen dëst Joer bekanntlech säi 35. Anniversaire feiert, an dem Kontext zesumme mat de Gemengepolitiker diskutéiert,  sinn:

  • D’Kommunikatioun vum Syndikat mat de Gemengen
  • De Besoin u Formatioun fir d’Gemengepolitiker
  • D’Missioune vum SYVICOL
  • D’Fonctionnement vum SYVICOL

Weider Informatioune ginn et op dëser Säit. An d’Aschreiwe geet ganz einfach iwwer dëse Formulaire.

Mir freeën eis op déi nächst interessant Echangë mat Iech - Kommt schwätzt mat!

Publié le : 09.03.2021

Matières