Matières

Assemblée générale vun der AVCL zu Dikrech: De Gemengefinanze geet et besser an Zesummenaarbecht mam Interieur ass gutt

Den 10. Mäerz 1968, huet am Festsall vum Kolléisch zu Dikrech, déi alljärlech Generalversammlung vun der Association des Villes et Communes stattfonnt. An déi hat e grousse Succès, wéi déi 4 gréissten Dageszeitungen an hiren Editioune een Dag méi spéit kommentéiert hunn. Iwwer 350 Buergermeeschteren, Schäffen a Conseilleren aus 100 vun den deemools 126 Gemengen, haten dorunner deelgeholl.

E Bléck op d’Aktivitéite weist, datt sech de Verwaltungsrot 6 Mol getraff hat am ale Joer. An dat ëmmer op verschiddene Plazen am Land, esou ewéi dat deemools Usus war. E weidere Punkt um Ordre du jour waren d’Diskussiounen iwwert d‘Avise vum Aféiere vum Gemengereceveur a Gemengesekretär um regionale Plang an och d’Aféiere vun techneschen Déngschter um Niveau vun de 12 Kantone fir déi Gemengen, déi sech esou ee Service finanziell net leeschte konnten.

An domadder wäre mir och beim Haaptsujet, den de President Jos Wohlfart a senger Ried opgegraff hat: d’Gemengefinanzen. An de leschte Jore wären do endlech d’Hiewelen ugesat ginn, esou den AVCL-President. D’Zeitung France Journal kommentéiert an dem Zesummenhang datt „die jetzige Regierung hat seit ihrem Amtsantritt viel zur Verbesserung der finanziellen Lage der Gemeinden unternommen “. An d’Lëtzebuerger Wort schreift: „Der Präsident stellte mit Genugtuung fest, dass der Verband ein Maximum an Zusammenarbeit mit dem Innenministerium erreicht habe“.

Nom AVCL-President huet dunn de Mann, vun dem Rieds war, d’Wuert ergraff. Den Inneminister Henry Cravatte, selwer fir e puer Méint President vun AVCL an duerch seng kommunal-politesch Erfarung beschtens vertraut mat de Problemer vun de Gemengen, huet Merci gesot fir d’Vertrauen, dat d’Gemengevertrieder an hien hätten. Am Verglach zu 1964 géingen d’Gemengen am Joer 1968 insgesamt 400 Millioune Frang méi kréien. Niewent dem besote Montant wär et awer och esou, datt de Staat ënner anerem d’Käschte vun der Stroossebeliichtung um Terrain vun de Gemenge géing iwwerhuelen a sech zu 80% un de Käschten vum Bau vu Schoule bedeelegen, wann et sech em ee regionale Projet géing handelen.

Mee net nëmmen datt: Um Ministère wär och ee Service ageriicht ginn, den sech spezifesch em d’Gemengefinanze këmmert. Allerdéngs wär et um administrative Plang net esou einfach d’Fuerderunge vum AVCL no der Aart Pool vu Gemengereceveuren a Gemengesekretäre wéi an der Belsch an d’Aféiere vun techneschen Déngschter um Niveau vun de Kantonen ëmzesetzen. Schold dorunner wär d’Gemengegesetz aus dem Joer 1843, datt einfach net méi zäitgeméiss wär an dringend reforméiert misst ginn, esou den Inneminister. Och doranner waren sech d’Gemengevertrieder den 10. Mäerz 1968 zu Dikrech eens. Mee déi Reform sollt nach 20 Joer daueren. 1988 war et esou wäit.


Foto: © Archives du SYVICOL (Montage)

Publié le : 10.03.2021

Matières