Matières

Formatioun fir déi nei Gemengepolitiker: „Un besoin très vif d’information“

No de Gemengewale vum 12. Oktober 1975 an der Kompositioun vun den neie Gemengeréit, war et am Februar an am Mäerz 1976 nees esou wäit. Ugefaange mat Capellen an Esch an opgehale mat Clierf a Wolz, huet de Verwaltungsrot vun der AVCL an den 12 Kantoner vun onsem Land seng traditionell „Réunions régionales d’information à l’intention des nouveaux élus locaux“ ofgehalen.

D’Reunioune ware gutt besicht heescht et am Courrier Communal vun deemools an d’Conclusiounen, déi de Verwaltungsrot gezunn huet, si folgendermoosse resuméiert ginn: „Toutes ces réunions ont été caractérisées par des discussions très animées et nous avons pu en tirer l’impression qu’il existe auprès des administrateurs et élus locaux un besoin très vif d’information au sujet du droit communal.“ Um Menü stoungen de Fonctionnement an d‘Organisatioun vun enger Gemeng, d’Opstelle vum Budget an d’Rechter an d’Flichte vum Buergermeeschter, dem Schäffen an dem Conseiller.

Ëmmer no Gemengewalen organiséiert den Daachverband vun de Gemengen hei zu Lëtzebuerg, ob dat d’AVCL war oder de SYVICOL vun haut ass, Formatioune fir déi nei Gemengepolitiker. De Sujet ass u sech ee richtege Klassiker, mee méi wéi jee aktuell: Am Kader vu senge regionalen Online-Atelieren (méi ënnert: https://www.syvicol.lu/fr/ateliers-regionaux/ateliers-regionaux-presentation), déi dëse Mount stattfannen, diskutéiert de SYVICOL nämlech ënner anerem och zesumme mat de Lokalpolitiker iwwer hir Formatioun. Wat sinn d’Besoinen? Wéi kënnen déi nach verbessert ginn? Wéi a wéini sollen déi Formatiounen oflafen? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, déi an dem Kontext gestallt ginn.

Am Juni 2023 fannen déi nächst Gemengewale statt. An duerno déi nächst Formatioune fir déi nei Gemengepolitiker, déi de SYVICOL traditionell mat Vertrieder aus verschiddene Ministèren an dem INAP organiséiert.


Foto: © SYVICOL

Publié le : 12.03.2021

Matières