Matières

De SYVICOL hëlt kee Blat virun de Mond : „Le comité déplore que les discussions avec le gouvernement ressemblent à un dialogue des sourds…?

Am Mäerz 2006 sténken d’Lompen tëschent der Regierung an dem SYVICOL. Et geet, ewéi esou oft an der Geschicht vum Daachverband, em d’Gemengefinanzen. An deem Kontext hat de SYVICOL a säi President Jean-Pierre Klein eng Pressekonferenz organiséiert a e Bréif un den Inneminister Jean-Marie Halsdorf adresséiert.

An deem Bréif formuléiert de Gemengesyndikat dräi Pisten fir déi finanziell Situatioun vun de Gemengen ze verbesseren, déi engem Minus bei de Recettë vu 46 Milliounen Euro vum FCDF (Fond communal de dotation financière, dem haitege FDGC) ausgesat sinn a fuerdert d’Regierung op:
 

  • d’honorer les engagements pris en 2001 et de verser à présent aux communes les 5.9 millions d’Euros auxquels elles peuvent prétendre en vertu de l’accord lié à la baisse du taux d’assiette de l’impôt commercial communal de 4% à 3% accepté en 2001;
  • de lier les recettes des communes à l’ensemble des recettes fiscales de l’Etat, ce qui permettrait notamment de profiter de l’introduction de nouveaux impôts;
  • à tabler enfin des propositions concrètes en vue d’une réforme de l’impôt foncier.

Am Rapport vum Comité vum 13. Mäerz 2006 heescht et: „Le comité déplore que les discussions avec le gouvernement ressemblent à un dialogue des sourds, vu le refus des autorités étatiques de reconnaître la gravité de la situation dans laquelle se trouvent les communes. De Jean-Pierre Klein erënnert sech un déi ganz Diskussiounen an un de Stëllstand op där Thematik. „Mir sinn deemools einfach net weider komm an dem Dossier, obwuel mir net midd gi sinn ons Fuerderunge bei all Geleeënheet ze widderhuelen, hu mir beim Inneminister an der Regierung kee Gehéier fonnt.“ Näischt gehollef hätt och eng Recommandatioun d’Gemengefinanze betreffend, déi am Comité vun de Ministeren am Conseil de l’Europe 2005 adoptéiert ginn ass, esou de Jean-Pierre Klein weider, deen awer och haut nach seet, datt de SYVICOL ëmmer oppe war fir eng méi substanziell Reform vun de Gemengefinanzen. D’Recommandatioun beseet : „Le montant des apports financiers de l’Etat doit être équitable, transparent et prévisible; l’équité demande que les règles de distribution soient universelles, non discriminatoires, stables, et ni arbitraires ni négociables au cas par cas.“

Et sollt nach eng Rei Joer dauere bis de Sujet Gemengefinanzen richteg ugepaakt gouf. Mëtt 2016 presentéiert den deemolegen Inneminister Dan Kersch, vun 2009 bis 2012 och President vum SYVICOL, d’Eckdate vun der Reform vun de Gemengefinanzen a mécht dann déi Méint duerno Neel mat Käpp. An haut waart de SYVICOL gespaant drop, fir déi éischt offiziell Evaluatioun vun dëser Reform virgestallt ze kréien.

Publié le : 17.03.2021

Matières