Matières

D’AVCL setzt sech mat Erfolleg duerfir an, datt d’Indemnitéite vun de Buergermeeschteren a Schäffen an d’Luucht ginn

Knapps war hien Inneminister, schonn hat hie Courrier vum Verwaltungsrot vun der Association des Villes et Communes (AVCL) op sengem Pult leien. Rieds ass vum Jean Spautz, deen den 3. Mäerz 1980 Responsabel vum Interieur gëtt, nodeem säi Virgänger de Jean Wolter, de Papp vum Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter, am Alter vun nëmmen 53 Joer gestuerwe war.

An deem Schreiwes vum 21. Mäerz 1980 un den neien Inneminister geet et dorëms, datt d’Indemnitéite vun de Buergermeeschteren a Schäffen an d’Luucht ginn an och déi vun de Conseilleren. „Le Conseil d’Administration a estimé qu’une majoration de 50% serait adéquate, vu l’accroissement continuel du nombre et de l’importance des tâches des administrations communales et notamment de l’organe exécutif constitué par le collège échevinal.?

A weider heescht et : „En ce qui concerne les jetons, fixés par la loi du 10 juillet 1963, il y a certainement lieu de prévoir une majoration et sous ce rapport le Conseil d’Administration se permet d’attirer votre attention sur la proposition de loi du député Henry Cravatte (doc. Parl. No.1853) aux termes de laquelle les jetons pourraient atteindre le montant de 400.- indice 100.? De Verwaltungsrot vum AVCL fuerdert an dem selwechte Bréif den Inneminister op, datt „la procédure législative de cette proposition de loi soit accélérée. ?

Domat war d‘Erhéijung vun den Indemnitéite vun de Buergermeeschteren, de Schäffen an de Conseilleren nach just eng Formsaach an e puer Méint méi spéit Realitéit…

 

Foto: © SYVICOL

Publié le : 22.03.2021

Matières