Matières

No der Generalversammlung zu Nidderkäerjeng: Comeback vum Henry Cravatte un d’Spëtzt vun der AVCL

De 25. Mäerz 1970 hat d‘Association des Villes et Communes Luxembourgeoises (AVCL) hir Generalversammlung zu Nidderkäerjeng. Dobäi gëtt den Henry Cravatte mat 87 Stëmmen den Éischtgewielten, virum Vic Abens (78) a Robert Steichen (61). En Dag méi spéit kënnt an der Stater Märei de Verwaltungsrot zesummen. Dobäi gëtt den Henry Cravatte eestëmmeg als President ugeholl. D’Colette Flesch als Buergermeeschtesch an Delegéiert vun der Stad Lëtzebuerg an de Jos Goedert, de Buergermeeschter vu Groussbus, bekleeden d’Mandater vun den zwee Vizepresidenten. Den Auguste Hansen gëtt neie Sekretär an den d‘André Wolff Caissier. Membere vum Verwaltungsrot sinn: Vic Abens, Léon Bollendorff, Emile Gerson, René Hartmann, Georges Mersch, Robert Steichen an de Jean-Pierre Urwald.

De fréiere President Jos Wohlfart (1965-1970) gëtt bei der Geleeënheet zum Éierepresident ernannt. Fir den Henry Cravatte ass et e Retour un d’Spëtzt vun der Associatioun vun de Gemengen, nodeem hie well fir e puer Méint President war, éier hien no de Wale Vizepresident an der Regierung vun 1964-1969 an do och Inneminister a Minister fir Sport an Tourismus war.

Op der Foto aus den Archive vum SYVICOL vum bekannten Lëtzebuerger Fotograf Tony Krier stinn an der éischter Rei vu lénks: Marie-Josée Glodt (Administrativ Sekretärin), Jos Wohlfart (fréiere President), Colette Flesch (Vizepresidentin), Henry Cravatte (President), Jos Goedert (Vizepresident), André Wolf (Caissier) Léon Bollendorff (Member). Zweet Rei vu lénks: Vic Abens (Member), René Hartmann (Member), Auguste Hansen (Sekretär), Emile Gerson (Member), Robert Steichen (Member), Jean-Pierre Urwald (Member), Georges Mersch (Member).


Foto: © Archives du SYVICOL

Publié le : 26.03.2021

Matières