Matières

Henry Cravatte: Wärend méi wéi 20 Joer eng Schlësselfigur an der Geschicht vun der Gemengevertriedung hei zu Lëtzebuerg

Den Henry Cravatte kënnt den 21. Mee 1911 zu Dikrech op d’Welt. Säi Papp war do Greffier en Chef um Bezierksgeriicht. Nom Kolléisch huet hien Droit zu Montpellier, Toulouse a Paräis studéiert a sech am Joer 1936 a senger Heemechtsstad als Affekot néier gelooss. De Wee an d’Politik huet hien 1951 fonnt. Bei den éischte Gemengewalen nom Krich huet hie fir déi sozialistesch Partei kandidéiert a ass direkt Buergermeeschter ginn. Vun do un geet et Schlag op Schlag an eng aussergewéinlech politesch Karriär hëlt hire Laf.

Den Henry Cravatte erkennt fréi, datt sech mat der Grënnung vum Conseil des Communes d’Europe (CCE) am Joer 1951 fir d’Gemengen eng eenzegaarteg Chance am Nokrichs-Europa opdeet. Endlech kréien d’Gemengen déi Unerkennung, déi hinnen zousteet. De Cravatte engagéiert sech an der Lëtzebuerger Sektioun vum CCE. Nom Stater Buergermeeschter Emile Hamilius, dee vun 1953 bis 1959 President vum CCE war, iwwerhëlt de Cravatte bis 1984 d’Presidence vum Conseil des Communes d’Europe. *

Zu Lëtzebuerg ass hien nieft sengem Engagement an der Kommunalpolitik och laang Joren als Deputéierten an der Chamber aktiv a President vun der sozialistescher Partei. Hien wëll aus der LSAP eng Partei mat méi moderne Strukture maachen, déi net nëmme kapabel ass fir Reformen um soziale Plang mee och fir de Fokus op d’Gemengen ze leeën. De fréieren LSAP Politiker Ben Fayot an Auteur vum Wierk „120 Joer sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber“, beschreift den Henry Cravatte als „e joviale Mënsch, deen net nëmmen e ganz gudde Riedner war, mee et och fäerdeg bruecht huet no vir ze kucken. An dat war esouwuel fir d’Gemenge wéi och fir d‘Regierung e grousse Seegen.“

Ënnert sengem Impuls als Generalsekretär gëtt op der Generalversammlung vun der Section Luxembourgoise vum CCE, den 30. August 1962 zu Wolz, d’Association des Villes et Communes Luxembourgeoises – Section Luxembourgeoise du Conseil des Communes d’Europe (AVCL) a Form vun enger Asbl gegrënnt. Vun do u réckelen endlech déi national Aktivitéite méi a méi an de Mëttelpunkt vun der Gemengevertriedung hei zu Lëtzebuerg. Seng éischt Presidence an der AVCL dauert awer just e puer Méint, well hien no de Walen 1964 an der Regierung Werner-Cravatte Vizepremier, Inneminister a Minister fir Sport an Tourismus gëtt.

Duerch seng Zäit als Buergermeeschter bréngt de Cravatte ganz vill Erfarung aus dem kommunale Secteur mat an d’Regierung a weess genau, wou de Schong dréckt. Hie kennt d’Besoine vun de Gemengen, speziell vun deenen aus dem ländleche Raum. Ënner him kréien d’Gemenge méi Suen aus der Staatskeess. Moyenen, déi et hinnen erméiglechen sech um administrativen an technesche Plang ze moderniséieren.

Den 30. Oktober 1968 demissionéiert d’Regierung Werner-Cravatte. Et kënnt zu Neiwalen an d’LSAP geet an d’Oppositioun. Domadder ass dem Henry Cravatte seng Karriär als Minister eriwwer. Vun do u këmmert hien sech exklusiv em d’Geschécker vun de Gemengen. D’AVCL gewënnt an deene Joren un Afloss an huet mam Henry Cravatte vun 1970 un e Mann un der Spëtzt, deen um kommunalpolitesche Plang mat allen Waasser gewäsch ass.

Mëtt den 1980er Joren war et un der Zäit fir den nächste Schratt ze maachen: An der Sëtzung vum 10. Dezember 1984 vum AVCL-Verwaltungsrot stoung de Punkt „Discussion sur le statut futur de notre association. Décision sur la création d’un syndicat intercommunal“ op der Dagesuerdnung. An der éischter Sëtzung 1985 huet de President Henry Cravatte de Projet vum Syndicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d’intérêts communaux généraux et communs (SYVICOL) virgestallt. Déi entscheedend Ännerung war déi, datt et sech em ee Gemengesyndikat handelt an d’Associatioun eng nei Opdeelung a besser Representativitéit krut.

De SYVICOL ass den Haaptsujet op der Generalversammlung de 25. Juni 1985. An enger éischter Phase schléisse sech 96 Gemengen un. Den 29. November 1986 ass et dann offiziell : Duerch e groussherzoglechen Arrêté gëtt de Syndicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d’intérêts communaux généraux et communs (SYVICOL) Realitéit. 111 vun 118 Gemenge sinn entretemps Member. Den alen an neie President Henry Cravatte kommentéiert: „Nous avons aujourd’hui la satisfaction de siéger pour la première fois en Comité du SYVICOL. Il y a lieu de se féliciter et de remercier les 11 communes fondatrices du syndicat de l’accueil qu’elles avaient réservé à l’initiative du CA de l’Association des Villes et Communes Luxembourgeoises“.

De 4. November 1990 stierft den Henry Cravatte am Alter vun 79 Joer. Säin Vermiechtnes ass grouss, well hie war wärend méi wéi 20 Joer eng Schlësselfigur an der Geschicht vun der Gemengevertriedung. Joerzéngten huet hie sech och um europäesche Plang fir d’Gemengen agesat. Nodeem de SYVICOL 2003 op Hausnummer 3 an d‘Rue Guido Oppenheim zu Märel geplënnert war, gëtt den 10. November 2003 bei Geleeënheet vun der Inauguratioun vum neie Siège de Sëtzungssall no him benannt.

Am Courrier communal vum Dezember 2003 heescht et : „L’inauguration des nouveaux locaux a donné également lieu à l’exaltation des mérites du premier président du SYVICOL, M. Henry Cravatte, l’infatigable défenseur de la cause communale tout au long de sa carrière politique. En sa qualité de vice-président du Gouvernement et de ministre de l’Intérieur dans les années 60, il était à la base de nombreuses réformes dont les effets bénéfiques pour les communes se vont ressentir jusqu’à nos jours. Ses compétences ont également été reconnues au-delà des frontières luxembourgeoises, puisqu’il a été appelé à présider de 1959 à 1984 le Conseil des Communes d’Europe, la plus grande association de collectivités locales en Europe. Pour rendre hommage à cette personnalité hors pair, le comité a décidé de conférer la dénomination 'Salle de réunion Henry Cravatte' au local affecté aux réunions du SYVICOL. “

*Seng Karriär um internationale Plang fir d’Gemenge beliichte mir an engem spéideren Artikel.


Foto: © Archives du SYVICOL

Publié le : 28.03.2021

Matières