Matières

Ofschloss vun de regionalen Online-Atelieren: Ronn 120 Kommunalpolitiker hunn Deel geholl!

„Zesumme fir eis Gemengen – Kommt schwätzt mat !“ Ënnert deem Slogan hat de SYVICOL dëse Mount op 5 regional Online-Atelieren invitéiert. Zesumme mat de Vertrieder aus der Gemengepolitik gouf am Kader vun deene Reuniounen iwwer déi zukünfteg Orientéierung vum Gemengesyndikat diskutéiert.

Zil ass et, datt de SYVICOL an den nächste Méint a Joren nach besser op d’Besoine vun de Gemenge kann agoen. Well d’Ufuerderungen un de Gemengesecteur gi vun Dag ze Dag méi grouss a méi komplex.

Dëse Samschde 27. Mäerz huet de leschten Atelier stattfonnt. Mat derbäi war och de SYVICOL-Éierepresident a Buergermeeschter vu Steesel, Jempy Klein. A senger Interventioun ass hien op d'Wichtegkeet vum Gemengesyndikat a seng Roll am Asaz fir déi 102 Gemengen hei am Land agaangen.

Ronn 120 Kommunalpolitiker hunn insgesamt un de 5 regionalen Atelieren Deel geholl. Et waren interessant, mee vrun allem ganz opschlossräich Reunioune fir de SYVICOL. All déi Iddien a Suggestiounen, déi elo um Dësch leien, gëllt et auszewäerten an am Kader vun der Neiorientéierung ze consideréieren.

An den nächste Woche wäert d’Ausschaffe vun engem Aktiounsplang op Basis vun de Resultater vun den Atelieren op der Agenda vum SYVICOL-Comité stoen.

A Freides, de 26. November, bei Geleeënheet vun de Feierlechkeete vum 35. Anniversaire vum SYVICOL, ginn déi definitiv Conclusioune presentéiert!

Publié le : 29.03.2021

Matières