Matières

Quo vadis SYVICOL? De President Norbert Konter gëtt dem nächste Comité mat op de Wee a wéi eng Richtung et soll goen!

„SYVICOL will sich neue Strukturen geben“, „Große Strukturreform allenfalls im Jahr 2000“ titelen déi zwou gréissten Dageszeitungen den 30. Mäerz 1999, een Dag no der Generalversammlung vum SYVICOL zu Waasserbëlleg. Et ass déi lescht Generalversammlung vum deemolege Comité, well den 10. Oktober 1999 sti Gemengewalen an d’Haus.

A senger Ried virun de Gemengevertrieder hat de President Norbert Konter duerchblécke gelooss, datt de Gemengesyndikat misst reforméiert ginn an hat domadder dem nächste Comité mat op de Wee ginn datt den Daachverband vun de Lëtzebuerger Gemengen sech soll an eng nei Richtung entwéckelen.

D’Lëtzebuerger Wort schreift Folgendes: „Er wies daraufhin, dass im kommenden Jahr der SYVICOL einen neuen Vorstand bekommt. Dies sei der passende Augenblick, um eine Orientierungsdebatte zu führen, wie der SYVICOL in der Zukunft arbeiten solle. Will man die Arbeit verbessern, dann müsse man diesem neue Strukturen geben, so der Präsident, denn mit einem Ein-Mann-Betrieb könne man die nationalen und internationalen Pflichten nicht mehr erfüllen“.

Am Tageblatt heescht et: „In seiner Begrüßungsrede war Präsident Norbert Konter auf die immer deutlicher werdenden Funktionsprobleme des SYVICOL eingegangen. Die Strukturen, die noch aus dem Gründungsjahr 1951 stammen, seien nicht mehr zeitgemäß. Mehr sei realistischerweise mit den derzeitigen Mitteln aber nicht machbar.“

Wéi de Jean-Pierre Klein, de fréiere Generalsekretär, dunn zesumme mat senger Equipe säin éischt Mandat als President vum SYVICOL de 7. Abrëll 2000 ugetrueden ass, wosst hien op alle Fall, wou de Schong géing drécken. Hien huet op Kontinuitéit gesat an dat ëmgesat, wat säi Virgänger him mat op de Wee ginn hat. Ënnert senger Presidence huet sech vill gedoen: De SYVICOL ass a méi grouss Lokalitéite geplënnert, huet méi Leit agestallt a sech professionaliséiert an huet am Joer 2006 seng Statute reforméiert, wat dozou gefouert huet, datt et zu enger besserer Representativitéit komm ass.


Foto: © Archives du SYVICOL (Montage)

Publié le : 29.03.2021

Matières