Matières

Vic Abens a René „Boy“ Konen nei Vizepresidenten an d’AVCL wëll méi matschwätzen

No der Generalversammlung den 10. Abrëll 1976 zu Veianen huet de Verwaltungsrot vun der Association des Villes et Communes Luxembourgeoises (AVCL) a senger éischter Sëtzung de 15. Abrëll mam Vic Abens an dem René „Boy“ Konen zwee nei Vizepresidenten designéiert. Den Henry Cravatte, deen 91 Stëmme kritt hat, ass President bliwwen. De Robert Steichen gouf Generalsekretär an ëm d’Finanzen huet sech den Ed. Juncker gekëmmert. Komplettéiert gouf de Verwaltungsrot vun den Hären Nicolas Birtz, als Vetrieder vun de Gemengen aus dem Kanton Esch, dem Léon Bollendorf, als Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg, dem Henri Diderich, dem Nicolas Faber, dem Emile Gerson, dem Georges Hurt, dem Pierre Huss an dem Nicolas Leyder.

Am Rapport vun der Generalversammlung heescht et, datt et wichteg wär, datt d‘AVCL reegelméisseg consultéiert gëtt bei Gesetzesprojeten, déi d‘Interesse vun de Gemenge betreffen. Méi konkret bedeit dat: bei Fusiounen, oder „Regrupementer vu Gemengen“ wéi dat deemools nach geheescht huet, dem Sujet Landesplanung, de Gemengefinanzen an der Reform vum Gemengegesetz aus dem Joer 1843.

D’Fusioune sollten am Laf vun der Zäit nach méi wéi eemol thematiséiert ginn, well den deemolegen Inneminister Jos Wohlfahrt, dee vun 1965 bis 1970 och President vum AVCL war, grouss Pläng hat. Ënnert him si mat Wëntger (1977), Jonglënster (1979) a Rammerech (1979) och eng Rei Fusiounen zustane komm. Grouss Pläng hunn aktuell och d’Gemenge Groussbus a Wal, Waldbriedemes a Bous a virun allem d’Nordstad, déi alleguer am Kader vun den nächste Gemengewale fusionéiere wëllen.


Foto: © SYVICOL

Publié le : 10.04.2021

Matières